Krecké: De Stroumpräis louch tëscht 2008 an 2009 méi héich wéi d’EU-Moyenne. Vum 1. Januar 2010 un ass en awer ëm 10% gefall, dat och wéint Enovos.

Den CSV-Deputéierte Marc Spautz wollt an enger parlamentarescher Fro vum Wirtschafts- an Economie-Minister Jeannot Krecké, Detailer iwwert de Stroumpräis zu Lëtzebuerg wëssen.

Reportage op RTL 92.5

An der Haaptsaach, firwat de Stroumpräis pro Kilowattstonnen zu Lëtzebuerg ëm 17% geklommen ass, wann een déi lescht Halschent vun 2008 mat der leschter Joershalschent vun 2009 vergläicht. An der nämmlechter Periode, sou huet eng Eurostat-Etude erginn, ass de Stroum an der EU nämlech an der Moyenne ëm 1,5% gefall.

De Stroumpraïs sou den Energieminister, sëtzt sech aus e puer Elementer zesummen. 50% mécht reng d’Elektresch aus dat wierklech konsuméiert gëtt: an dat huet och an der Haaptsaach fir dësen héije Stroumpräis gesuergt. De Präis vun der elektrescher Energie en tant que tel, ass nämlech ëm 3 Euro pro 100 Kilowattstonne geklommen.

Dës Hausse gëtt mam System ewéi Stroum kaaft geet erkläert. De Stroum gëtt ëmmer ee Joer am viraus kaaft: De Jus deen d’Clienten 2009 geliwwert kruten, gouf also schonn 2008 kaaft, an deen Ament wor e richteg deier.

Déi aner Halschent vum Präis maachen d’Elektrizitéitstax, d’Contributioun an de Kompensatiounsfong fir erneierbar Energien, an d’Käschte fir de Reseau ze benotzen aus.

D’Fraise vum Reseau, an Elektrizitéitstax hunn net tëscht 2008 an 2009 variéiert.

Dofir ass awer d’Contributioun fir den Kompensatiounsfong geklommen, an dat well méi Stroum aus erneierbaren Energie produzéiert gëtt.

De Minister confirméiert, dat de Lëtzebuerger Stroumpraïs tëscht 2008 an 2009 méi héich loung ewéi d’EU-Moyenne. Ënnert anerem, fir der Industrie an de private Cliente kompetitiv Energiepräisser unzebidden, gouf jo awer 2009 d’Societéit Enovos, duerch d’Fusioun vun der Cegedel, der Soteg an der Saar Ferngas, gegrënnt. D’Enovos-Präïsser hunn hiren Impakt awer eréischt vun dësem Joer un, an an deem Kontext präziséiert de Minister um Enn vu senger Äntwert, dat de Stroumpräïs hei am Land, op den 1. Januar 2010 ëm déi 10% gefall sinn.

Link: http://news.rtl.lu/news/national/73187.html

0 Äntwerten to “Krecké: De Stroumpräis louch tëscht 2008 an 2009 méi héich wéi d’EU-Moyenne. Vum 1. Januar 2010 un ass en awer ëm 10% gefall, dat och wéint Enovos.”


Kommentaren si gespaart.