Kampagne vum STATEC iwwert d’Vollékszielung

Eng parlamentaresch Fro vum Députéierten Marc Spautz un den Här Minister vun der Wirtschaft

Här President,

esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro iwwer d’Kampagne vum STATEC iwwert d’Vollékszielung, un den Här Minister vun der Wirtschaft, weiderzeginn.

Zënter e puer Wochen ass am ganzen Land déi grouss Vollékszielung am gaangen. Fir de Staat ass et ouni Zweiwwel wichteg fir Informatiounën iwwert d’Léit déi am Land wunnen ze kréien fir kënnen ze wëssen an ewéi eng Richtung ons Gesellschaft sech entwëckelt huet an wéider entwëckelen wäert. Allerdëngs sinn net Alleguerten d’Léit frou dodriwwer dat de Staat esou vill iwwert si wëll gewuer ginn.

Fir d’Awunner vun Lëtzebuerg iwwert d’Vollékszielung ze informéieren an si dofir ze sensibliséieren huet d’Regierung iwwert deen zoustännegen Service, an dësem Fall de STATEC, eng Kampagne an de Medien an esouguer am Kino, organiséiert. Während dës Kampagne an der geschriwwener an der geschwater Press op méi Sproochen gemaach gëtt, leeft se an de Kinossäll exklusiv op Franzéisch. Dobäi bidd grad de Kino eng gutt Méiglechkeet fir déi lëtzebuergesch Sprooch un esou vill ewéi méiglech Leit ze bréngen. Dat selwecht gëllt fir d’Bulletinën déi fir d’Vollékszielung ausgedeelt ginn an déi op Franzéisch an Däitsch sinn.    

Dës Decisioun vum STATEC ass kontradiktoresch zu der Regierung hirem Wëllen, fir d’lëtzebuerger Sprooch als d’Integratiounssprooch Nummer Eent esou ewéi an alle Beräicher vum Liewen hei am Land, ze ënnerstëtzen. Zu dësem Schrëtt bekennt sech net nëmmen déi aktuell Regierung an hirem Koalitiounsprogramm, mä och eng sëlleche Gesetzestexter, déi an de lëschte Joere gestëmmt respektiv geännert gi sinn, ewéi zum Beispill d’Nationalitéitegesetz.

An deem Kader, wëllt ech dem Här Minister vun der Wirtschaft dës Froe stellen:

  • Här Minister, kéint Dir mir erklären, wéisou datt de STATEC seng Informatiouns- an Sensibiliséierungskampagnen iwwert déi aktuell Vollékszielung, déi an de Kinossäll vum Land présentéiert gëtt, exklusiv op Franzéisch ass? Wéisou ass net drun geduecht ginn fir d’Bulletinën déi mussen ausgefëllt ginn och op Lëtzebuergesch ze maachen?
  • Sidd Dir, Här Minister, net der Meenung, datt dës Wiel kontradiktoresch zum Wëlle vun der Regierung ass fir d’lëtzebuergesch Sprooch am Allgemengen a besonnesch als déi Integratiounssprooch hei am Land ze ënnerstëtzen?
  • Här Minister, wéisou geet d’Regierung net de Wee fir all Zort vun staatlechen Dokumenter an vun audiovisuell Medien ze benotzen, fir d’lëtzebuerger Sprooch un esou vill ewéi méiglech Awunner aus dem Land ze bréngen? Wéisou léist d’Regierung all hir Kinosfilmer net wéinstens op Lëtzebuergesch mat zum Beisspill franzéischen Ënnertitele maachen?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

Marc Spautz
Députéierten
 

0 Äntwerten to “Kampagne vum STATEC iwwert d’Vollékszielung”


Kommentaren si gespaart.