Heure d’actualité sur l’avenir de la société Cargolux et la stratégie gouvernementale en la matière

“Ween mengt, an dobaussen ziele geet, dass mam Ausstieg vun de Quatari’en aus dem Aktionariat vun der Cargolux  elo erem alles am Botter wier an et erem Bierg op geet, deen iert gewalteg.”

Här President, Dir Dammen an dir Hären

Genee vir un enger Woch haate mir hei an der Chamber eng Orientéirungsdebatt iwwert Zukunft vun der Letzbuerger Aviatioun wou och Problematik Cargolux zur Sproch komm ass.

Vill vun den Iwwerleeungen déi läschten Donneschden gemeet goufen  kann ech deelen an ennerstetzen, aanerer par conter waren am mengen Aan éischter an Kategorie vun belleger Polemik anzestufen.

Mettlerweil ass net nemme vill Wasser Musel roofgelaaf, mä d’Evenementer hun sech leschte Freiden quasi iwwerschloen wéi an der inernationaler Press Nooriicht iwwert den Ticker komm ass, dass Quatari welles hun aus dem Actionnariat vun der Cargolux erauszeklammen.

Desen Virgang mengen ech, huet eis alleguerten iwwerascht well en esou an deser Hefftegkeet net virauszegesinn waar. An desem Kontext wollt ech betounen an nach eng Kéier präziséieren, dass net de Staat Décisoun geholl huet Quatari virun Diir ze setzten – nee Quatari hun vir sech décidéiert de Verhandlungsdesch ze verlossen.

Här President

Dorops hinn ass vun Léit heibannen an och dobaussen eng Generalattack op Ministeren Frieden a Wiseler an déi gesamt Regierung geridden ginn. Si wieren Schold un deem ganze Schlamassel. Verschiddener sinn souguer souwäit gaang an hun gefuedert Ministeren missten duerfir hiren Hut huelen.

Ech wees net op verschidden Léit eng gliese Kugel doheem an der Stuff stoen hun wou se Zukunft kenne liesen, mä d’Evolutioun an desem Dossier vum läschte Freiden huet keen gesinn kommen, och net Regierung.

An desem Kontext well ech dann och Transparenz ervirhiewen déi Ministeren Frieden a Wiseler an de läschten Deeg un den Dag geluecht hun. Sin hun déi ganz Woch an och nach haut dem Moien an der Chamberkommissioun ,Ried an Antwert gin, sou wäit hinnen daat an desem schwéieren Dossier méiglech war.

Här President dir Dammen an dir Hären,

Mir als CSV-Fraktioun sinn aawer lo der Meenung, dass et héigh Zäit gett dass Rou an desen Dossier kennt, dass mat den innepoliteschen Spillereien vun der läschter Woch um Reck vun dausenden vun Salarien opgehale gett an dass mir erem zreck bei dei eigentlech Problematik kommen.

Well eent ass sou secher wei d’Amen am Gebiet : Problemer bei der Cargolux bléiwen mat oder ouni d’Ministeren Frieden a Wiseler genee déi selwecht wei lescht Woch an déi Wochen virdrun.

Ween mengt, an dobaussen ziele geet, dass mam Ausstieg vun de Quatari’en aus dem Aktionariat vun der Cargolux  elo erem alles am Botter wier an et erem Bierg op geet, deen iert gewalteg.

Nach sinn Quatarien do. Et ass och nach keen Keefer a Sicht.

De Fait dass 35% vum Capital welles hunn sech zreckzezeien verschlechter Situatioun Cargolux ernorm a mecht d’Arbecht vun eisen Ministeren fir Zukunft net méi einfach.

Dofir muss lo Rou akéieren.

Mir mussen eise Minsiteren an de Leit déi sech lo zesummesetzten Zäit ginn a Vertraue schenken.

Et ass jo gewosst dass bis enn des Joeres en Strategie soll um Desch léien. En Strategie fir dei et der Carcolux erlaabt weiderhunn handlungs- an iwerliewungsfäheg ze bléiwen.

Dorenner fällt och Sich no engem néien strategsche a finanzstärke Partner.

Op Russen, Chinesen Brasilianer, Araber oder soss Investisseuren.

Philosophie an Visiounen vun de zukünftege Partner mussen déi selwecht sinn wéi dei vun der Cargolux.

Een néien Echec kenne mir eis dess Kéier net méi erlaaben, soss bléiwen Fligeren entgülteg um Bueden.

Här President, Dir Dammen an Dir Härren

Et ass dofir wichteg dass a Zukunft rem un engem Strang gezu gett, well et geet hei em Zukunft vun engem Steck Letzebuerg, Zukunft vun dausenden vu Menschen an hir Familjen an em Zukunft vun engem Wirtschaftspilier vu Letzebuerg.

0 Äntwerten to “Heure d’actualité sur l’avenir de la société Cargolux et la stratégie gouvernementale en la matière”


Kommentaren si gespaart.