Zum Posten vum CSV-President

Ech sinn interesséiert, fir de Posten vum CSV-President ze kandidéieren. D’Entscheedung leit awer bei de Nationaldelegéierten, si hunn dat lescht Wuert. All Parteimember huet d’Méiglechkeet um Kongress ze kandidéieren. Meng Decisioun huet mat mengem gudde Wahlresultat ze dinn, wat och en Optrag ass, fir an der CSV Responsabilitéit ze huelen, et huet domat ze dinn, dat ech di néideg Zäit fir de Presidenteposten hätt, well ech kee kommunaalt Mandat hunn a besonnesch och wëll ech d’Partei kennen als Member vum Nationalkomitee zanter 1991, als fréiere Generalsekretär, Bezierks- a Fraktiounspresident. A wéi op all deene Posten virdrun, wär och hei meng Richtlinn, datt et d’Team ass, wat zielt. D’CSV muss sech nei opstellen, dat ka nëmmen am Team geléngen.

0 Äntwerten to “Zum Posten vum CSV-President”


Kommentaren si gespaart.