No de Bezierkskongresser well ech Iech gären folgendes matdeelen:

Ech stelle meng Kandidatur fir CSV-President mat kloren Ideeën a Virstellungen. D’CSV steet och als Oppositiounspartei an der Responsabilitéit fir Land a Leit. Mat engem exzellente Resultat vu 34,05 Prozent an 23 Sëtz an der Chamber war et net de Wonsch vun de Wieler mais de Wëlle vun dräi Parteien, datt d’CSV an d’Oppositioun geschéckt gouf.

Mat hirem gudde Resultat steet d’CSV vis-à-vis de Biergerinnen a Bierger am Wuert. D’CSV ass dofir an der Responsabilitéit fir eng konstruktiv Oppositiounspolitik ze gestalten. D’Zukunft vum Land steet ëmmer op éischter Plaz.

Als CSV musse mir zesumme no vir kucken an eis optimal opstellen fir d’Erausfuerderungen déi kommen. Wann ech di grouss Éier hunn an d’Chance kréien, CSV-Parteipresident däerfen ze sinn, wëll ech mech an enger breeder Equipe asetzen, datt eis Partei op di gutt an zolidd Aarbecht vun der aktueller Equipe ëm de Michel Wolter opbaut a sech op hir Stäerkten besënnt.

D’Stäerkt vun der CSV, dat sinn d’Memberen an de Sektiounen a Gemengen. Si sinn dat zolidd Fundament vun eiser Partei. D’Sektiounsmemberen, d’Equipen an de Gemengeréit, d’Memberen an de Gemengekommissiounen garantéieren d’Visibilitéit vun eiser Partei an dat eis Partei no bei den Erwaardungen a Suerge vun de Leit ass. Ech wëll, datt eis aktiv Memberen an de Sektiounen a Gemengen méi staark ënnerstëtzt ginn mat Formatiounen, mat administrativem an organisatoreschem Support, mat de néidegen Instrumenter fir eng interaktiv Kommunikatioun mat der Biergerinnen a Bierger.

D’Stäerkt vun der CSV, dat sinn d’Bezierker, dei méi wi de Relais zwëschen de nationalen a lokalen Gremien wäerte sinn. Ech wëll mech duerfir asetzen, datt d’CSV-Bezierker de Motor vun der regionaler Entwécklung sinn a politesch Impulser fir di eenzel Landesregioune setzen. Parallel erwaarden ech aus de Bezierker en Input fir di national Politik vun der CSV.

D’Stäerkt vun der CSV, dat sinn d’Ënnerorganisatiounen, CSF, CSJ, CSG, d’CSV-Senioren genau wei d‘CSV International an d’Schüler a Studenten. Hire präzise Bléck gëtt gebraucht fir d’CSV-Zukunftsvirschléi ze formuléieren.

Ech wëll eng CSV an der Jonker fir e neie Bléck suergen, an där d’Chancegläichheet normal ass a sech all d‘Generatiounen erëmerkennen. Ech wëll och eng CSV, déi esou international ass wéi eist d’Land.

Wann ech d’Vertrauen vun den CSV-Nationaldelegéierte kréien, wäert ech mech an enger Equipe a mat allen CSV-Memberen asetzen, fir d’CSV als zukunftsorientéiert an oppe Vollekspartei opzestellen, eng Vollekspartei déi no bei de Leit ass, eng Vollekspartei an der den Austausch vun Ideeën stattfënnt an déi tragfäeg Virstellungen fir d’Zukunft entwéckelt, eng Vollekspartei, déi zu hire Grondwäerter steet a fest verwuerzelt ass an der Mëtt vun eiser Gesellschaft.