De CSV-Parteipresident Marc Spautz am RTL-Background

CSV-Nationalkongress 2014_08022014_083

“Eng konstruktiv Oppositiounspolitik”

De ganzen Interview mam CSV-Parteipresident Marc Spautz kënnt Dir hei nolauschteren:

De CSV-Parteipresident Marc Spautz kuerz a kompakt am RTL-Background iwwer:

  • d‘Moderniséierung vun der Partei

De 24. Februar hu mir e Nationalcomité. Do fänke mir un eng Diskussioun doriwwer ze féieren, wéi mir eis Partei kënne moderniséieren. Dat geet a Richtung, wéi kréie mir méi eng grouss Memberbedeelegung. Mir wëssen, datt mir verschidde Saache mussen änneren, mä et muss een alles Step par Step maachen.

Beim Politeschen ass et kloer, datt mir am Nationalcomité och déi Aarbechtsgruppe festhalen, déi sech mat de jeeweilegen Thematike wäerte beschäftegen. Elo muss een en Dialog lancéieren. De gëtt och an de Strukture gefouert, esouwuel an de Regionalstrukturen, wéi an den Ënnerorganisatiounen. Wa mir an der Partei nei Diskussiounen iwwer Positiounen a verschiddenen Domainë féieren, kënne mir elo och zu 100% déi Meenung vertrieden, déi d’CSV wëll. Mir brauchen net méi op e Koalitiounspartner Récksiicht ze huelen. Dat wärt eis och no baussen a verschiddene Punkte sécherlech vill méi e kloert Profil gi wéi virdrun.

  • déi grondsätzlech Ausriichtung vun der Partei

Et kann een sech ëmmer hannerfroen. Et kann een och verschidde Positiounen adaptéieren an Upassunge maachen. Déi Pist, déi 34 Prozent vun de Wieler eis och bestätegt hunn, brauch een awer net radikal ze wiesselen.

D’CSV ass eng chrëschtlech-sozial Partei. Mir baséieren eis op d’chrëschtlech Sozialléier. Dat heescht awer net, datt mir op de riets klerikalen, konservative Bord géife goen. Ob déi sozial Wäerter elo an d’Zukunft nach méi prioritär wäerte ginn, hänkt dovunner of, wat alles bei der Budgetspolitik vun der Regierung erauskënnt. D’CSV ass op alle Fall dogéint, datt e grousse soziale Kalschlag gemaach gëtt.

  • d’Oppositiounsroll vun der CSV

Mir wäerten eng konstruktiv Oppositiounspolitik maachen. Mir wäerten eege Projete lancéieren. Mir wäerten d’Projete vun der Majoritéit am Detail analyséieren an amendéieren. Mir wäerten eis och bei allem zu Wuert melle, wou mir mengen, datt et net gutt leeft. Et wäert een d’Stëmm vun der CSV deemno bei de wichtege Projeten esouwuel am Parlament, wéi och doriwwer eraus héieren.

E Problem ass sécherlech fir eis, datt ufanks vill Projeten, déi vun der Regierung kommen, nach vun der aler Koalitioun ausgeschafft gi sinn. Mir stellen awer elo scho fest, datt bei verschiddenen Ëmsetzungen an Autorisatiounen, wou mir virdru vun den aneren attackéiert gi sinn, datt do elo Saache gemaach an autoriséiert ginn, déi di dräi Parteie virdrun ofgeleent hunn. Ewéi z.B. bei der Goudrongsanlag zu Schëffleng.

  • de Staatsbudget

Mir waarde gespaant op de Budgetsprojet a virun allem op déi 10 Prozent, déi an all de Ministèrë sollen agespuert ginn. Ob dat lo wierklech 10 Prozent laangfristeg Aspuerunge sinn oder just doduerch am Budget esou opgefouert ginn, well verschidden extraordinär Projeten einfach méi spéit realiséiert ginn an just méi laang erausgezu ginn. Domadder hätt een déi Ausgaben zwar am jeeweilegen Exercice gespuert, awer nach keng laangfristeg Spuermoossname gemaach.

Et muss een och nach eng Kéier dorunner erënneren, datt de Finanzminister Luc Frieden 2013, ier de Budgetsdepot gemaach ginn ass, a Grondprinzipie presentéiert huet, ob wat fir enge Voleten alleguer kéint gespuert ginn. De deemolege Fraktiounspresident vun der LSAP, de Lucien Lux, huet hie fir all déi Punkten fierchterlech attackéiert an et gouf deemno vum Koalitiounspartner keng Bereetschaft fir do matzegoen. Bis den Abrëll 2014 waren zwar nach sougenannten Aachtergespréicher – 4 Leit vun där enger a 4 vun där anerer Partei – am Gaangen, fir all Volet eng Kéier eenzel duerchzegoen. Do gouf iwwer vill Punkten diskutéiert, wat e z.B. am Budget vum Travail oder der Famill kinnt änneren. Mä et ass net méi zu enger Eenegung zwëschent den zwou Parteie komm. Dofir si mir elo gespaant, ob d’LSAP nach ëmmer op hire Piste bleift oder ob mir ganz nei Piste wäerte gesinn.

  • eng grouss Steierreform

Fir eis ass et kloer, an dat hunn de Luc Frieden an de Jean-Claude Juncker ëmmer gesot, datt eng grouss Steierreform soll gemaach ginn. Eng Steierreform mécht een awer net vun haut op muer. Do musse vill eenzel Punkt berücksichtegt ginn. Dofir wäerte mir déi Iddien, déi vun der Regierung wäerte kommen, och deementspriechend kommentéieren a kloer soen, wou mir kënnen averstan sinn a wou mir net kënnen averstan sinn. Et muss op alle Fall e gesonde Mix tëschent der Besteierung vun de physesche Persounen an der Besteierung vun de Betriber bestoen. Do muss een och verschidden Abattementen a Fro stellen.

  • d’Erhéijung vun der TVA

2012 huet de Gilles Roth beim Budgetsrapport schonns eng Kéier Rechebeispiller gemaach, fir duerch eng TVA-Erhéijung d‘Ewechfale vum Commerce électronique ze kompenséieren. Do ass d’CSV ugeprangert ginn, mir wéilte blannemännches d’TVA erhéijen. Mir hunn awer ëmmer drop higewisen, datt dat géif geschéien. D’CSV war och déi eenzeg Partei, déi eendäiteg am Wahlprogramm stoen hat, datt d’TVA géif ugepasst ginn. An eiser Optik war et awer net, fir och d’Zwëschesätz ze hiewen, well do d‘Grondproduite fir d’Leit dran sinn, ewéi d’Liewensmëttel, de Bensin oder den Heizungsmasutt. Bei dësem Alldagskonsum muss een oppassen, wat ee mécht.

  • sozial Selektivitéit

Mir hate schonns vill a laang mam ale Koalitiounspartner driwwer diskutéiert fir verschidde Leeschtunge méi sozial selektiv ze gestalten. Mir konnten eis awer net op e Schlëssel eenegen, wou déi Selektivitéit misst ugoen. Dofir si mir besonnesch bei de Familljeleeschtunge gespaant, wat elo vun der neier Regierung op den Dësch wäert kommen. Mir wäerten dann awer och dorunner erënneren, wou verschidde Leit virdrun net wollten an eng Richtung matgoen, déi elo fir se selbstverständlech ze si schéngt.

  • de Chômage

Beim Chômage kann e gewëss Adaptatioune maachen. Et muss een déi Leit awer weider deementspriechend ënnerstëtzen, déi ouni eege Schold an de Chômage gefall sinn. Et däerf een och net all Mënsch, deen am Chômage ass, esou dohinner stellen, datt e näischt wéilt maachen. Et muss ee schonns den Ënnerscheed maachen.

Beim Jugendchômage ass et wichteg, datt mir et fäerdegbréngen, datt d’Leit, iert se eng Qualifikatioun uginn, wëssen, wou de Besoin um Aarbechtsmaart ass. Awer och eng „Garantie Jeunesse“ ass wichteg, fir de Jugendlechen eng Perspektiv ze ginn. Wann de Minister Schmit hei der Meenung ass, d’Versprieche kënnen ze maachen, de jonke Leit bannent e puer Méint eng Aarbechtsplaz oder eng Formatioun ze garantéieren, da wäert hien dat jo mat senge jeeweilege Servicer gekuckt hunn. Wa mir dat net sollte fäerdeg bréngen, da musse mir séier Adaptatioune maachen.

Mir mussen allgemeng hei zu Lëtzebuerg d’Offer un Aarbechtsplaze méi grouss maachen. Dowéinst ass et noutwënneg, datt mir eng gutt Standuertpolitik maachen. Mir wäerten et awer ni fäerdeg bréngen, datt all Mënsch een héijen Diplom wäert hunn. Deemno musse mir och Betriber usidelen, déi Leit mat niddreger Qualifikatioun oder mat iwwerhaapt kenger Qualifikatioun beschäftegen. Et ass wichteg, datt mir déi Leit net fale loossen.

  • d‘Pensiounen

Bei der Pensiounsreform aus der leschter Legislaturperiod waren Iddien an der CSV do fir méi wäit ze goen. D’CSV hat sech awer un de Koalitiounsprogramm gebonnen. Dëst bedeit fir eis elo, datt mir den Dossier nach eng Kéier mussen ugoen. Ma et ass un der Majoritéit, déi bis elo näischt iwwert d’Rente deklaréiert huet, ze soen, ob iwwerhaapt eng Bereetschaft do ass, elo driwwer ze diskutéieren.

  • d’Auslännerwahlrecht bei de Chamberwahlen

Beim Wahlrecht fir d‘Chamberwahlen huet d’CSV kloer am Wahlprogramm gesot, datt et beim Wahlrecht fir d’Lëtzebuerger soll bleiwen. Datt also weiderhin d’Nationalitéit den Zougank zum Wahlrecht gëtt. Ma, datt awer bei der duebeler Nationalitéit verschidde Simplificatioune solle gemaach ginn. Mat dëser Positioun wäerte mir eis och um ëffentlechen Debat bedeelegen.