Eng fräi Tribüne vum CSV-Parteipresident Marc Spautz

“Mir sinn elo als Equipe gutt opgestallt fir d’Erausfuerderungen unzegoen”, esou de CSV-President Marc Spautz op RTL-Radio Lëtzebuerg. No der personeller Erneierung an de Bezierker, den Ënnerorganisatiounen an am CSV-Nationalcomité, no de liewegen, internen Diskussioune vun de leschte Wochen, huet d’Partei dat néidegt Fundament opgebaut, fir sech mat de politeschen Inhalter auserneenzesetzen. D’CSV wäert hir Verantwortung an de Gemengen, national an och an Europa wouer huelen. National wäert een eng fair a konstruktiv Oppositiounspolitik maachen. An der Europakampagne wäert d’CSV sech fir e friddlecht, wirtschaftlecht staarkt, e solidarescht a virun allem e soziaalt Europa asetzen.