Bilan vum CSV-Parteipresident Marc Spautz iwwert déi éischt 100 Deeg vun der Regierung

Duerchernee bei der Fro vun de Familljenzoulagen, vum Fussballstadion, vum Pacte Logement, kee Vertrauen an d’Staatsbeamten, vill Ukënnegungen déi gemaach géife ginn, ma näischt Konkretes, wat bis elo geschitt ass … et géif e mierken, datt déi nei Leit an der Regierung nach net richteg ukomm wären, esou de Bilan vum Marc Spautz op RTL Radio iwwert d’Regierungsaarbecht no 100 Deeg. Als Oppositiounspartei géif een drop waarden, datt emol konkret Projete géife presentéiert gi fir sech kënne konstruktiv mat anzebréngen.

De ganzen Interview kënnt Dir hei nolauschteren: