Marc Spautz schwätzt Kloertext

Op RTL huet den CSV-Parteipresident a kloere Wierder gesot, wat Saach ass:

“Also, ech mengen, datt d’Englänner ëmmer e bëssche Problemer haten mam Jean-Claude Juncker, dat ass kee neie Moment. Mä och den Här Cameron wousst, datt de Jean-Claude Juncker Spëtzekandidat war vun der EVP, an och den Här Cameron muss Wahlresultater kënne liesen. Net nëmmen op der britescher Insel, mä och a ganz Europa.

An do ass ganz kloer, datt de Wonsch beim Wieler besteet, fir de Jean-Claude Juncker als Kommissiounspresident ze kréien, an alles aneschters wei e Jean-Claude Juncker als Kommissiounspresident, wann et a mengen Aen de Moment och vill Spekulatioune ginn, ass fir Europa eng voll an d’Gesiicht, well de Wieler huet geschwat an den hätt gären de Jean-Claude Juncker. An dann ass et och, de Wielerwëllen esou ze respektéieren, wéi en ass.”

An dat ass, datt de Jean-Claude Juncker géif Kommissiounspresident gin.”

Audio Marc Spautz (Source: RTL.lu):

 

0 Äntwerten to “Marc Spautz schwätzt Kloertext”


Kommentaren si gespaart.