Allerdéifste Niveau

Wat am Ablack ofleeft, vum David Cameron orchestréiert a vun der englescher Boulevardpress gestreet, ass allerdéifste Niveau.

Mais och d’Verbreede vu Rumeuren ännert näischt drun: Als Spëtzekandidat vun der EVP, der stäerkster Fraktioun am Europaparlament, gedroe vun enger grousser parteiiwwergräifender Majoritéit am Europaparlament a besonnesch och mam europäesche Wielerwëllen am Réck ass de Jean-Claude Juncker de nächste EU-Kommissiounspresident. Alles aneschters wär e Vertrauensbroch vis-ä-vis vun den europäesche Wieler.

Och wann den Här Cameron, de null Objektivitéit huet, géint de Jean-Claude Juncker facht, de Jean-Claude Juncker huet d’Vertraue vun den Europäer.

Wat den englesche Premier mécht, ass engem grousse Land wei England onwierdeg a schued seng Glafwierdegkeet an Europa.