Nee zu Extremismus an Fundamentalismus

Ouni Meenungsfräiheet, ouni Pressefräiheet ouni Fräiheet am allgemengen gëtt et keng Demokratie. Déi feig terroristesch Attack op d’Redaktioun vu „Charlie Hebdo“ zu Paräis ass domat eng Attack op d’Demokratie. An domat och op all déi Leit, déi dobaussen an och heiheem fir Demokratie a Mënscherechter antrieden.

Den Familljen vun den Affer gehéiert eist déifsten Matgefill.

D’Memberen vun der CSV ruffen ech heimat op, massiv un der Solidaritéits- a Gedenkmanifestatioun en Donneschdeg de Moien em halwer 12 op der Clairefontaine–Platz deelzehuelen.

Mir stinn un der Säit vun eise franséische Frënn a soen Nee zu Extremismus an Fundamentalismus. A mir ënnerstëtzen déi, déi géint Terrorismus kämpfen.

Marc Spautz
CSV-Nationalpresident

D’Erausfuerderungen upaken – eng Fräi Tribüne vum CSV-Parteipräsident Marc Spautz

Léif Nolauschterinnen a Nolauschterer,

Virdeescht dat Wichtegst. Am Numm vun der CSV an och perséinlech wënschen ech Iech, Ärer Famill a Frënn all Guddes fir 2015. An ech wënschen Iech besonnesch dat Wichtegst ouni dat Alles aneschters näischt bedeit: Eng gutt Gesondheet fir d’Joer 2015.

Dës Emissioun ass d’Geleeënheet fir e Réckbléck a besonnesch d’Geleeënheet fir en Ausbléck.

2014, dat sinn d’Europawahlen vum 25. Mee, déi d’CSV däitlech gewonn huet mat engem kloere Programm a mat engem Kompetenzteam. Mam Jean-Claude Juncker ass den 1. November en iwwerzeegten Europäer a lëtzebuerger Staatsmann President vun der Europäescher Kommissioun ginn.

2014 war awer besonnesch d’Joer, wou sech d’CSV als responsabel a konstruktiv Oppositiounspartei établéiert huet. Dat ass eis séier gelong, sécher ze séier fir d’Majoritéitsparteien, déi sech net serieux mat de Virschléi vun der CSV ausernee setzen. Debatten am Cadre vun der Budgetsdiskussioun am Dezember hunn dat gewissen.

Fir d’Regierung an di dräi Parteien, déi d’Majoritéit forméieren, war 2014 kee gutt Joer. Hir Aarbecht war handwierklech net gutt. Et war vill Stéckwierk, wou di eenzel Elementer net zesumme passen.

Et bleift ze hoffen, datt et 2015 besser gëtt. D’Erausfuerderungen si grouss a mussen ugepaakt ginn. Ech wëll op dräi agoen :

Éischtens: D’Bekämpfung vum Chômage. Am November 2014 hunn iwwer 18.000 Persounen eng Schaff gesicht, iwwer 5.000 Persoune sinn an enger Beschäftegungs- oder Formatiounsmesure. Mir mussen handelen a virun allem d’Regierung an de Beschäftegungsminister. Den Hiewel muss op enger Rei Plazen ugesat ginn: Beim Jugendchômage awer besonnesch och bei der Bekämpfung vum Chômage vun den Eeleren a beim Phänomen vum Laangzäitchômage. Fir de Chômage an de Grëff ze kreien brauche mir eng Politik aus engem Goss.

Zweetens : D’Bildung. Hei zielt et, fir nom Chaos vun de leschte Wochen onbedéngt erëm Rou an d’Schoulen ze bréngen. An da muss och kloer gemaach ginn, wéi di, vun der Regierung ugeduechten, zweesproocheg Betreiung an de Crèchen a Maisons relais soll ausgesinn. Wou ass d’Personal, dat si assuréiert ? Wat ass dat pädagogescht Konzept a wéi gëtt d’Bréck gebaut mat der Grondschoul ?

Grad an de Schoule brauche mir kee Chaos a keng Konflikter mais Stabilitéit. Mir brauchen eng Schoulpolitik, déi sech am Dialog mat allen Akteuren, op dat Zentraalt konzentréiert, nämlech di Jonk op hir Zukunft virzebereeden.

Drëttens : Eng duerchduecht Wirtschaftspolitik. D’CSV huet hei eng Rei vun Iddien presentéiert. Eis besonnesch Opmierksamkeet muss dem Mëttelstand gëllen. Wëll de Mëttelstand ass a bleift d’Réckgrat vun eiser Economie. Hien schaaft laafend Aarbechtsplazen an assuréiert d’Formatioun vu ville Jonken.

Et bleiwt ze hoffen, datt 2015 dës an och aner Erausfuerderunge konsequent a mat Courage ugepaakt ginn. Datt d’Regierung an d’Majoritéitsparteie net weider probéiere, mam Kapp duerch d’Wand ze goen, mais e fairen Dialog mat allen Akteuren an och mat der Oppositioun sichen.

D’Erausfuerderunge si grouss, an am Sënn grad vun eise Jonken, musse mir si 2015 zesummen upaaken.

Ech soen ech Merci fir Är Opmierksamkeet.