Marc Spautz freet Interpellatioun zu de Gesondheetsberuffer

Den CSV Deputéierte Marc Spautz huet eng Interpellatioun zu de Gesondheetsberuffer ugefrot. Hie wëll méi genee wësse wéi eng Konklusiounen d’Regierung aus de Reforme vun de Formatiounen zitt, och am Hibléck op déi demographesch Entwécklung an de Manktem u Personal.

D’Demande fann der hei :

Interpellatioun Santé

The post Marc Spautz freet Interpellatioun zu de Gesondheetsberuffer appeared first on CSV - Chrëschtlech-Sozial Vollekspartei.

D’CSV freet, dass hir 6 Gesetzpropositiounen zur Familljepolitik sollen an der Chamberkommissioun diskutéiert ginn

D’CSV hat am Juni 6 Gesetzpropositiounen zur Familljepolitik an der Chamber deposéiert. Elo, nodeems de Staatsrot seng Avisen ofginn huet, freet d’CSV, dass déi zoustänneg Chamberkommissioun sech soll mat den CSV Proposen beschäftegen.

Hei kënn der nach eng Kéier am Resumé noliesen, wat d’CSV fir d’Famille wëll maachen :

Famille

The post D’CSV freet, dass hir 6 Gesetzpropositiounen zur Familljepolitik sollen an der Chamberkommissioun diskutéiert ginn appeared first on CSV - Chrëschtlech-Sozial Vollekspartei.