Bei der Regierung ass ee Paradigmewiessel festzestellen

D’CSV Fraktioun hat d’Press invitéiert fir iwwert déi wichteg Dossieren fir déi nei Chambersessioun ze schwätzen. De Fraktiounschef Claude Wiseler ass awer och op de Paradigmewiessel an der Regierung agaangen, deen ënnert anerem beim Budget festzestellen ass. Kritik gouf et och um Congé parental, deem sougenannten Zukunftsdësch, wou d’CSV aner Virschléi gemaach huet ob déi d’Regierun awer net agaangen ass.
Hei kënn der ee Resumé vun der Pressekonferenz kucken :

D’CSV Fraktioun kommentéiert déi politesch Aktualitéit

Den CSV Fraktiounschef Claude Wiseler an den Deputéierten a Parteipresident Marc Spautz haten d’Press op de Kaffi invitéiert an hu mat hinnen eng Parti aktuell Dossieren diskutéiert. Kritik gouf et ënnert anerem un der Schoulpolitik, dem Avant-Projet iwwert d’Reform vum Nationalitéitegesetz, der Finanz- a Familljepolitik. Een Zesummeschnëtt vun deem Rendez-Vous mat der Press kënn der hei kucken.

No den Attentater vu Paräis : Sécherheet stäerken an no eise Wäerter weider liewen

No den Attentater vu Paräis wär et sécher ee Feeler elo an eng komplett Angscht a Panik ze verfalen a kengem méi ze trauen. Dann hätten d’Terroriste gewonnen. Mir mussen awer och eis Sécherheet an déi europäesch Zesummenaarbecht stäerken. Dozou d’Iwwerleeunge vum CSV- Parteipresident an dëser Fräier Tribüne.

Pressekonferenz iwwert den Terrorismus an dei international an national Erausfuerderungen

Den CSV Fraktiounspresident Claude Wiseler huet direkt um Ufank kloer gestallt, dass dat hei keen Dossier ass fir Parteipolitik a scho guer kee fir Polemik ze maachen. D’CSV huet awer eng ganz Partie Ideeën an hofft mat der Regierung an d’Gespréich iwwert déi Positiounen ze kommen.

Hei kënn der déi ganz Pressekonferenz nolauschteren :

De Fraktiounschef mécht ee positive Bilan vun de leschten 12 Méint

Wéi et Traditioun ass huet de Fraktiounschef vun der CSV kuerz virun der Summervakanz d’Press invitéiert fir de Bilan vun de leschten 12 Méint ze maachen. Et ass vill geschafft ginn an d’CSV huet, entgéint deem wat d’Majoritéit behaapt, ganz vill eege Proposen, Ideeën, Alternativen op den Dësch geluecht.
Hei kënn der eng Zesummefaassung vun der Pressekonferenz lauschteren.

 

Point Presse

Fir de Flüchtlingsstroum ze meeschteren an dass Lëtzebuerg säin Deel zur EU-Flüchtlingspolitik bäidreit setzt CSV op ee parteiiwwergreifende Konsensus op nationalem Niveau. Op enger Presse Konferenz huet de Marc Spautz präziséiert dass dëst keng Platz wier fir Oppositiounspolitik ze machen mä et geet dorems Asyl- a Flüchtlingspolitik gemeinsam, konstruktiv a mat enger Stemm op nationalem Niveau ze gestalten.

Wei eng Mesuren proposeiert d’CSV?

  • Koordinatioun duech eng « commission interministérielle » mat engem Ministre délégué
  • Prozeduren méi séier gestalten
  • Personalopstockung an de concernéierten Servicer
  • Legaliséierung vun den Demandeurs d’asile zu engem Datum X
  • Fir de Léit Wunn-Méiglechkeeten unzebidden brauche et eng:

               Lëscht mat ëffentleche Gebaier dei eidel stinn

               Detailleiert Lescht vun den Demandeurs d’asile

               Finanziell Ennerstetzung fir Gemengen

  •  Aarbecht