De Marc Spautz war den Donneschdeg de Moien um 10 op 8 Invité vun der Redaktioun op RTL 92.5

http://radio.rtl.lu/emissiounen/den-invite-vun-der-rtl-redaktioun/628340.html

RTL:

“Um Virowend vum 1. Mee interesséiert wat d’Regierung vu sozialen Mesuren a Reformen ëmgesat huet a wéi den Dialog mat de Sozialpartner fonctionnéiert.

Beim Congé Parental ass d’Zesummenaarbecht gutt gaangen, mä wéi gesäit et an aneren Dossieren aus? E Mëttwoch huet den OGBL de Fanger op d’Wonn geluecht an ënnert anerem iwwert d’Aarbechtszäit geschwat.

Wéi eng Note gëtt d’Oppositioun der Regierung an de sozialen a fammilljepoliteschen Dossieren? Mir hunn en Donneschdeg de Mueren nogefrot. Invité war de fréiere Minister an CSV-Sozialpolitiker Marc Spautz.

Mam CSV-Parteipresident si mir awer och op d’aktuell Campagne „Oppositioun on tour“ agaangen, déi am Virfeld vum Referendum leeft.”