Opgewuess ass de Marc Spautz zu Schëffleng, wou hien och haut nach wunnt. Seng knapp Fräizäit gehéiert senger Famill a sengen Frënn. E flott gemittlecht Zesummesinn bei engem gudden Iessen an engem Patt zielt fir de Marc zur Liewensqualitéit. Fir nei Energie an frëschen Enthousiasmus ze tanken spazéiert de Marc duerch Schëfflenger Bëscher oder awer verdéift sech an eng interessant Lektür.
De Kontakt zum Bierger ze fleegen an op all Fro och eng Reckmeldung ze ginn ass eng vun de politeschen Prioritéiten vum Marc Spautz.
De Marc Spautz ass geléierten Autosmechaniker, huet sech awer gläichzäiteg an eng gewerkschaftspolitesch Richtung orientéiert an entwéckelt. „Eng Aarbechtsplaz fir jiddereen“ ass eent vun de Grondrechter fir dat sech de Marc vehement asetzt. Säit senger Jugend ass de Marc an der CSV aktiv. Als Deputéierten um Krautmaart kann hien kombinéiert Sozialpolitik matgestalten an ëmsetzen.
De 14. November 2009 gett den Marc Spautz um Nationalkongress zum neien Generalsekretär vun der CSV gewielt. Hien übt dese Posten bis den 10. März 2012 aus.
Nom Doud vum Lucien Thiel gouf de Marc Spautz den 11. Oktober 2011 zum néien Fraktiounspresident vun der CSV gewielt.






0 Responses to “Liewenslaf”