Ried vum Marc Spautz zum Fiskalpakt :
“Mat dem Gesetz iwwert de Fiskalpakt leen mir een weideren wichtegen Bausteen fir der Vertrauenskrise op de Finanzmärkt entgeintzetrieden a fir d’Lag vun der europäescher Wirtschaft an um Arbechtsmaart nohalteg ze verbesseren.”
déi integral Ried als PDF : https://marcspautz.csv.lu/files/2013/02/Pacte-Fiscal-Marc-Spautz.pdf
Här President Dir Dammen an dir Hären
Ech well drun errenneren, dass an der Suite vun der Bankekrise an de Joren 2007 an 2008 déi wuessend Staatverscholdung an bal allen Industrielänner vun de Finanzmärkt ebeemol als sériösen Risiko empfond ginn ass, waat zu enger dementspriechender Veronsecherung op de Finanzmärkt gefouert huet.
Aus deser Scholdespiral a verschiddene Memberstaaten huet sech eng Gefor fir nohaltegen Wuestum erginn, wat zu enger weiderer Veronsecherung op de Märt gefouert huet an eis gemeinsam Währung den Euro stark ennert Drock gesaat huet.
Zu deser onsecherer Zäit ass een sech aawer europa- a weltwäit eens ginn, dass een dess Problemer nemmen ka léisen wann een d’Ursachen an de betraffeneen Länner un der Wuerzel upeckt an ugeet.
Fir Krise an de betraffenen Lännere ze bekämpfen a langfristeg ze léisen ass décidéiert gin eng zweegleiseg Politik ze fueren : op der enger Säit iwwert de Wee vun der Reduzéierung vun den Defiziter, an op der anerer Säit mussen d’Wuestumsperspektiven an Kompétitiviteit duerch entspriechend Strukturreformen verbessert respektiv gestärkt ginn.
Et ass een sech dofir op europäeschem Niveau eenz ginn, dass een fir Zukunft eng ausbalancéiert Politik brauch aus wuestumsfördernden Mossnahmen bei enger gleichzäiteger Reduzéierung vun der héiger Staatsverscholdung.
Dese Spagat vun enger wuestumsfrendlecher Defizitreduzéierung ass natiirlech net einfach emsetzen :
Vill Memberstaaten ennerzeien sech jo grad harden Reformen an Upassungsprogrammer fir hir spezifesch Problemer wéi Staatsverscholdung, Bankekrisen oder de Verloscht vun der Kompétitviteit an de Greff ze kréien.
Dass sou eng Politik an de betraffene Länner vun de Léit dacks net gedeelt a verstannen geet ass verständlech.
Op europäeschem Niveau waar en sech aawer eens, dass een sou eng Politik muss bedréiwen wann een déi sougennate Vetrauenskrise well hannert sech lossen.
Sou eng Politik huet och näischt mat Sozialofbau oder mangelnder Solidaritéit ennert de Memberlänner ze dinn. Dess Solidarité war an ass nach emmer ginn :
Sou huet zum Beispill all Land wat a finanzielle Schwieregkeeten war oder ass, an Problemer haat oder huet, fresch Suen op de Kapitalmärt ze kreien fir sech ze rekapitaliséieren, bis haut zeitlech limitéiert Finanzhellefen zu Verfügung gestallt kritt ennert der Konditioun dass se an hiren Länner Struktureforemn missten ugoen fir der héiger Verscheldung entgéintzewierken.
Här President, dir Dammen an dir Hären
Dess Finanzhellefen waren richteg fir Krise an Europa Schratt fir Schratt ze bekämpfen an déi Lescht Zuelen weisen eis – mir sinn um richtege Wee.
Dess Programmer fonktionnéiren a Länner wei Portugal an Irland. Do gesäit een dass et rem biergop geet.
Virunallem Irland ass rem quasi um Niveau vun virun der Krise.
Aner Länner wei Italien a Spuenien hun an de vergangen Méint sério Ustrengunge gemeet fir hir Defiziter ze reduzéiren an Kompetitivitéit durech Strukturreformen ze verbesseren.
Och a Grichenland, wou et jo bekannterweis laang Problemer mat der Emsetzung vun de vereenbarten Mossnahmen gouf, sinn och däitlech Fortschretter ze verzeechenen. Och duerch de sougennante Scholdeschnett ass Griechenland um richtege Wee fir längerfristeg rem op de Wee vum Wuestum zereckzefannen.
Natirlech verstinn ech, dass een groussen Deel vun de den jeweilegen Bevölkerungen opbruecht sinn, an sech géint all Form vu Reformen dei zu hirem Nodeel sinn wieren.
Mä vill vun denen Problemer déi an dese Länner géleisst musse gin sinn hausintern verursacht an kennen och nemme bei hinnen doheem geléisst gin.
Einfach d’Sachen gewärde lossen an näischt maachen ass weder gutt fir daat eenzelt Land nach fir Europa am ganzen. Géife mir dat zoulossen da mengen ech hu mir näischt aus deser Krise geléiert.
Ausserdeem hun déi Programmer déi dess Länner operluecht kruten och zum Ziel Wirtschaft an Kompetitiviteit rem unzekurelen – et geet net exklusiv a mordikuss em Scholdereduzéierung.
Här President
No allem wat mir awer bis haut kenne feststellen waren Entscheedungen dei bis dato getraff goufen déi richteg. !
Finanzmärkt hun sech gréisstendeels berouegt, Risikopschléi op Staatspabéieren vun de Krisenlänner sin erofgaang an déi wirtschaftlech Lag an villen Länner huet sech zumindest stabiliséiert wann net verbessert.
Souguer den Euro deen firun engem halwen Joer sou stark enner Drock geroden waar, dass souguer riets war dass en kennt zerbriechen – jo desen Euro ass haut erem stark – jo souguer vläit ze stark fir eis momentan Wirtschaft.
Dobäi kennt, dass och um Niveau vun de Finanzmärkt, déi virun der Krise net ausreechend reguliert waren an och zum gudden Deel responsabel un der heiteger Situatioun sinn, grouss Efforten ennerholl goufen.
Nierft enger gemeinsamer Finanzmarktpolitik brauchen mir dofir och déi ugkennegt gemeinsam Bankenopsicht déi effizient an onoofhängeg vun de Nationastaaten kann opéréieren a woubäi d’EZB eng zentral Roll soll spillen.
Här President
Dat alles weist awer ganz kloer, dass Strategie vun der schrettweiser Bewältegung vun der Staatsscholdekrisen déi richteg Stratégie war a Wierkung gewisen huet.
Ech mengen et wier awer elo lichtfankeg ze soen, elo hätte mir Problemer all hannert eis, Sonn géif erem fir emmer schengen an Gefor vun engem néien Opflackeren vun der Finanzkrise wier definitiv as dem Wee geraumt.
Mir hun eis awer Moyen gin fir dess Opflackeren sou gutt wei méiglech anzedämen.
Den dauerhaften Rettungsschierm ESM ass an desem Kontext een wichtegt Steck vum Puzzel fir dass et net méi souwäit kennt. Et gett am Kader vum ESM dofir och net fir näischt fun enger Zort Brandschutzmauer bezeechent.
Mam ESM hu mir och een wichtegen Schratt a Richtung Stabiliteitsunioun gemeet.
Et war an eisen Aan och richteg de Rettungsschierm een Joer méi fréi a Kraft trieden ze lossen. Net nemmen dass doduerch de betraffene Länner seier konnt gehollef ginn.
Et war och een wichteg Signal an d’Richtung vun de Finanzmärkt an ee kloert Zeechen vun Europa, dass keen Land wärt faale geloss gin.
Dee Rettungschierm ass funktiounsfäheg an schlagkräfteg. En huet wei ee kloer gesäit, Vetrauen op Finanzmärt erembruecht.
Den ESM ass aawer nemme en Deel an der Krisenbekämpfung.
De Projet de loi deen eis haut firläit ass een weidere wichteg Punkt deen eise bei der Bekämpfung vun der Scholdenkries e grousse Schratt wärt no fir brengen.
Mir sollen de Metten den Traité iwert Stabilitéit, Koordinéierung an Stéierung an der Wirtschafts- a Wahrungsunioun – den sougenannten Fiskalpakt ratifizéieren.
Desen Traité ass den Unfank vun enger echter, dauerhafter Stabilitéitsunioun.
Daat wat bei der Schafung vun der Eurozone politesch nach net machbar war, gett lo mam Fiskalpakt Realitéit.
All Länner aus der Eurozone an 8 weider Länner aus der Unioun verpflichte sech an hir national Rechtsspriechung eng Scholdebrems anzeféieren.
Een Virgang deen firun engem Joer an Europa secherlech nach ondenkbar gewiecht wier.
Dess Scholdebremsen ginn also mam Traité agefouert an et gett och iwwerpréift op se dem entspriechen wat am Fiskalpak festgehale gouf.
Et kann een gegebenefalls och den europäeschen Gerichtshaf aschalten fir dass Scholdebrems och iwwerall an déi national Gesetzgebung ageschriwwe gett. Gett deem net Rechnung gedroen dass sinn automatesch Sanktiounen am Traité verankert.
Här President,
Desen Fiskalpakt ass secherlech net am Goût vun all Mensch.
Verschidde Léit hätte léiwer gesinn, dass een de verschellte Länner Suen géif ginn déi den Konsum géifen Ureegen, an déi iwwert méi Komsum rem zu méi héigen Wuestums komm wieren. Also d’Emsetzen vun de klassescher Theorie vum Keynes.
Mir sinn awer als CSV-Fraktioun op desem Punkt aanerer Meenung. Wat kuerzfristeg gutt ausgesäit ass dauerhaft absolut keng Léisung.
Et muss en eiser Meenung no Problemer un der Wuerzel upacken.
Daat heescht ganz kloer dass een Iwwerscheldung muss bekämpfen, an deems een op der enger Säit Budget’en konsolidéiert an op der aaner Säit awer och Wuestumsuräizer schaaft. Dess zwee Punkten mussen mateneen laafen.
An op dese Wee brengt eis ennert anerem de Fiskalpakt.
De fait dass 25 vun 27 EU- Memberstaaten dese Pakt ennerschreiwen hun asse e kloert Bekenntnis vun Europa hin zu méi Stabiliteit, Koordinéierung, Kontroll an Transparenz.
Genee dat brauch een wann een eng gemeinsam Währung wei den Euro huet. Wann eegestänneg Nationalstaten eng gemeinsam Währung hun, dann brauch een ee kloert Bekenntnis vun allen dass dei oofgesprachen Spillregeln och agehaale ginn.
Nemmen sou kann eis gemeinsam Wärung stabil bléiwen.
An fir dess Stabilitéit oprechtzehalen brauche mir desen Fiskalpakt mat der festgeschriwwener Scholdebrems.
Iwwregens ass de Fiskalpakt och an der Rumm vum sougennante Six-Paak ze gesinn, deen Enn 2011 emgesaat gouf a wou et zu verstärkten Iwwerwachungsméiglechkeeten an de Beräicher Budgets- a Wirtschaftspolitiken aller Memberstaaten komm ass.
Duerch de Fiskalpak plus Sixpack hu mir Mechanismen vum Stabiliteits- a Wuestumspakt verschärft an eis een Instrument ginn wat verhënneren soll dass Feeler aus der Vergangenheet sech net méi wärten widderhuelen.
Verschiddener aus desem Haus sinn jo der Meenung, dass de Fiskalpakt mat senger Scholdebrems de Länner géif ekonomesch schueden.
Et ass richteg dass Niveau vun der struktureller Neiverscheldung erofgesaat gett.
Domadder gett de Länner awer nit Loft geholl fir ze otmen.
Neen, si behalen och mat de néien Conditiunen weiderhin déi Flexibiliteit déi si brauchen fir Crise an hire Länner ze iwwerstoen.
An dess Flexibiliteit kann net op dem Prinzip vun emmer méi Scholden opgebaut ginn. Dann kann et sinn. Resultat vun sou enger Politik si mir jo grad am gang um europäeschen Niveau ze leisen.
An do kennt dann de Fiskalpakt an Spill.
Mir sinn der Meenung, dass trotz Scholdebrems, Länner den néidege Spillraum behalen fir déi Politiken ze gestalten déi Relance économique soll erbéiféiren. Dat ass wichteg an och richteg.
Dee Wee deen mir awer virun eis hunn fir aus dem gesamten Euro-Raum en Raum vun Stabiliteit a Solididéit ze machen ass e laangen.
De Fiskalpakt ass dofir fi eis en éischte fundamentale Schratt op desem Wee eraus aus de Staatsscholdekrise – een Wee deen mir konsequent mussen fortsetzen an den 3 Komponenten emfaast: Solidaritéit duerch den ESM, Soliditeit duerch de Fiskalpakt an Wuestum duerch Pakt fir Wuestum an Beschäftigung.
Här President
Mir hun lo quasi automatesch Sanktioun wann ee Land aus der Rei danzt.
Mir hun Méiglechkeeten bei Feelentwecklungen präventiv täteg ze gin an Ongleicheeten an der wirtschaftlecher Entwecklung an de Memberstaaten entgéintzestéieren.
All dess Instrumenter versetzen eis an Lag, dass mir eng wirklech Stabiliteits- a Wuestumsunioun op Been ze stellen.
All dess Mossnahmen hun natirlech keen Selbstzweck an hun nit nemmen als Ziel Defiziter ze reduzéiren.
Haushaltskonsolidéierung ass nemmen eng Säit vun der Medaill. Et geet och drems nohaltegen Wuestum secherzestellen. Dozou geheiert och Schaafen vun néien Arbechtsplatzen. Daat ass Aufgab a Senn vun der Politik. Kompetitivitéit an den eenzelene Länner muss gestärtkt ginn fir dass mer Wuestum a ganz Europa kennen genéreiren. Wuestum brengt Stabiliteit déi een brauch fir sech bestänneg kennen weider ze entweckelen. Stabiliteit déi een brauch fir Reformen duerchzesetzen. ^
Fir dass mir dess Zieler errechen, läit aawer nach vill Arbecht virun eis.
Eent steet awer fest : Dat wat mir musse, machen kenne mir net mat enger neier Scholdepolitik ereechen.
Mei Wuestum duerch néi, méi Scholden ass de falschen Wee.
Nemmen stabil a gesond Staatsfinanzen bidden Viraussetzung fir Wuestum.
Wuestum deen mir brauchen wann Europa an eist Land sech wellen um politeschen, wirtschaftlechen, sozialen a kulturelle Plang weider entweckelen.
Dofir ass et wichteg dass mir et färdeg brengen eisen Budget nohalteg ze konsolidéieren. Brengen mir dat net ronn dann huet daat Auswierkungen op Gestaltung vu eiser Sozialpolitik déi mir eis dann secherlech net méi an deem Moss leeschte kennen wei dat haut de Fall ass.
Zum Schluss wollt ech soen, dass mir duerch den ESM an der Ratifizéierung vum Fiskalpakt Europa an der ganzer Welt een kloert Signal ginn :
Engersaits sinn all d’Eurostaaten fest entschloss Staatsverscheldung zereckzeféieren an anerersäits bereet eng wuestumsfördernd Konsolidéierung ze bedréiwen.
Et geet em Solidariteit tescht de Länner, em Zukunft vun Europa an em Zukunft vum Euro.
Elo brauche mir just nach dat sozialt a menschlecht Europa.
An desem Senn ginn ech dann och den Accord vu menger Fraktioun zu desem Projet de loi.
0 Äntwerten to “Projet de loi portant approbation du traité sur la stabilité, la coordination et la gouvernance au sein de l’Union économique et monétaire, signé à Bruxelles, le 2 mars 2012”