Konklusiounen vum Referendum vum 7. Juni 2015. D’Riede vu Claude Wiseler a Marc Spautz

Zwee Deeg nom Referendum vum 7. Juni 2015 war eng Debatt an der Chamber iwwert dee Referendum. D’CSV huet sech duerchgesat fir iwwerhaapt esou eng Debatt ze kréien. D’Presidente vu Partei a Fraktioun, de Marc Spautz an de Claude Wiseler hunn drop higewisen wat d’Regierung mat dësem Referendum ugeriicht huet : D’Land steet virun engem Koup Schierbelen, d’Gesellschaft ass gespléckt an d’Regierung weist all Verantwortung vu sech.

D’CSV wollt dee Referendum net an hat virausgesot, dass dat net gutt fir dat gutt Zesummeliewe wat mer kennen, wär. D’CSV hätt sech och eng Diskussioun am Virfeld gewënscht fir ze kucken ob een net awer een Accord fonnt hätt, zum Beispill iwwert eng Vereinfachung vum Nationalitéitegesetz. A wann ee schonn d’Leit freet, hätt een hinne kéinte méi wéi Jo oder Nee, mä richteg Alternative proposéieren.

D’CSV ass net um Chaos Schold, hëlleft awer beim Opraume vun de Schierbelen an huet dofir konkret Propose gemaach fir Auslänner a Jonken entgéint ze kommen.

„Europa muss e Kontinent an eng Iddi vun der Hoffnung bleiwen“

view video on chd.lu

Ried vum Marc Spautz, CSV-Deputéierten

Et gëllt dat geschwatent Wuert

Här President,Dir Dammen an Dir Hären,

De Flüchtlingsdrama am Mëttelmier ass och e Lëtzebuerger Drama. An eng gesamteuropäesch Tragedie !

Dacks schwätze mir abstrakt vun enger vernetzter, globaliséierter Welt. Hei gesinn mir déi dramatesch Vernetzung och vum Misère a vun der Verzweiwelung direkt virun eisen Aen. Op eisen Televisiounen. An eise Stuffen.

Loosse mer eis näischt virmaachen : Ouni déi dramatesch Biller vu bal 1.000 Mënschen, déi am Mëttelmier erdronk sinn, wier et weder zu engem extraordinären EU-Sommet nach zu dësem Punkt um Ordre du Jour an eiser haiteger Sitzung komm.

Wëll dëse Flüchtlingsdrama ass an éischter Linn e mënschlechen an humanitären Drama. Zanter dem 1. Januar 2015 si ronn 3.400 Mënschen am Mëttelmier ëmkomm. Si hunn probéiert an Europa zekommen, EUROPA ass – fir sie – ëmmer nach e Kontinent vun Hoffnung.

Virun e puer Deeg si bal 1.000 Mënschen beieneen ëmkomm. Dat waren net just Flüchtlingen oder Migranten oder Demandeurs d’asile.

Dat waren an éischter Linn mol Mënschen, Fraen a Männer, Meedercher a Jongen, a souguer Bébéen. Alleng dat weist schonn, wéi verzweiwelt eng Mamm muss sinn, fir mat hirem Bébé op e soi-disant Schëff ze klammen, mat dem se kann am Mëttelmier erdrénken.

A niewebäi gesot : D’Tatsaach, datt elo méi Flüchtlingen iwwert d’Mëttelmier kommen, ass keng Iwwerraschung. Wëll dat ass ëmmer esou am Fréijoer, wann d’Wieder besser an domatten och – an der Regel – d’Mier méi roueg gëtt.

Leider net dës Kéier. Wëll d’Mëttelmier géif jäizen !

Wann et da kinnt jäizen.

Mee och déi Leit, déi erdronk sinn, kënnen dat net méi. Duerfir mussen anerer dat fir si maachen. Och heibannen, hei ze Lëtzebuerg an hei an Europa.

Mee mat kucken, schwätzen, jo souguer mat jäizen geet et net méi duer !

Och net méi mat betraffenen Communiquéen, Interviewen oder Rieden !

Et geet elo duer !

Mir mussen lo endlech handelen !

An eis éischt Prioritéit – dat hunn d’Ausseministeren hei zu Lëtzebuerg vollkomme richteg gesinn – ass d’Rettung vun de Mënschen ! Wëll et ass fir Europa, also och fir Lëtzebuerg strikt inakzeptabel, Mënschen am Mëttelmier erdrénken ze loossen !

Dat hunn ech virun e puer Deeg iwwregens och esou an der Parlamentarescher Assemblée vum Europarot zu Stroossbuerg gesot.

An Dir, Här Ausseminister, hutt 300% Recht, wann Der sot, fir aus der Flüchtlingsfro, jo aus der Flüchtlingsdramatik ee Käerthema vun der Lëtzebuerger Presidence ze maan.

D’CSV ass do och mat 300% bei Iech.

Wëll a sou existenziellen Themaen fir eist Land, fir Europa, allgemeng fir de Mënsch, dierf et keng Majoritéit a keng Oppositioun ginn.

Dat heescht awer net, datt mir keng konstruktiv Kritik um Detail maachen.

Mee an der Saach vum Mënsch – an iwwregens och an der Saach vun Europa – musse mir un engem Seel an an déi selwecht Richtung zéien.

Parallel zum Conseil de l’Europe huet zu Bréissel : den Europäesche Rot an der Form vun engem ausseruerdentlechen Conseil européen oder Sommet getaagt !

An et ass och do eppes dobäi rauskomm.

Och wa meng Analyse vum Resultat e wéineg méi duerchwuessen ass wéi déi vum Här Staatsminister.

Mee richteg ass : D’Richtung stëmmt ! Et gëtt endlech ëmgeduecht. Wann och nach net genuch. A wann och nach laang net vu jidderengem.

Den Engagement an der Flüchtlingsfro vun der Juncker-Kommissioun ass richteg. Och wann d’Flüchtlingsthematik praktesch zu 100% eng nationalstaatlech Fro ass, sou läit grad d’Fro vun der Rettung vu Mënscheliewen an och vum Asylrecht grad dem haitege Kommissiounspresident staark um Häerz. Ech vertrauen duerfir och op déi nei Strategie a Saachen Migratioun, déi d’Kommissioun wäert an de nächste Wochen virleeën.

Beim Bréisseler Flüchtlingssommet hunn ech gesot, d’Resultat wier éischter duerchwuessen.

Well eng Rei vu Nationalstaaten trotz der Dramatik ëmmer nach de Fouss op der Brems haten. An zwar net nëmmen Groussbritannien.

Trotzdem ass een Ëmdenken feststellbar. Trotzdem ginn d’Moyenen fir de Programme « Triton » verdräifacht.

Woubäi ee muss wëssen, datt d’Flüchtlingen keen Ënnerkierper vun engem Fësch hunn, wéi den Triton an der griichescher Mythologie. Nee, si ginn mat ënner, wann hiert d’Schëff ënnergeet. An eigentlech geet och Europa bei all eenzelne Flüchtling, deen erdrénkt, mat ënner.

Mee et ass an dëser Fro extrem wichteg, net just d’Welt aus der Distanz vun engem Bréisseler Sommet ze kucken. Dat grad bei der batterer Realitéit um Terrain a Syrien, a Libyen, am Noen Osten, an Afrika, am Mëttelmier, an och an eise südlechen EU-Länner.

Alle virop an Italien ! Ouni awer d’Tierkei oder de Libanon ze vergiessen !

Positiv gesi mir dass Nationalstaaten méi Schëffer a Flieger zur Verfügung stellen fir konkret Mesuren um Mëttelmier.

Fir d’CSV kann Europa net iwwer Nuecht seng Grenzen einfach opmaachen, dat wier och kontraproduktiv, an nach méi Schëffer géifen sech op de Wee maachen.

Awer Europa dierf och keng Festung sinn !

D’Zäit vun de Festungen a vun de Buergen ass definitiv riwwer an enger globaliséiert Welt !

An souguer d’Mëttelmier geet als Buerg-Gruef net duer, fir d’Leit dovun ofzehalen, no Europa ze wëllen an och tatsächlech no Europa ze kommen.

Mat Buerg-Grief produzéieren mir soss näischt wéi Buerg-Griewer.

A wat dobäi rauskënnt ass och just e Buerg-Fridden. Also ee Schéin-Fridden. A keen echten !

Ech wëll just een Saz aus der Deklaratioun vun de Staats- a Regierungschefen zu Bréissel zitéieren :

« Notre priorité immédiate est de faire en sorte que plus personne ne meure en mer. »

Fir d’CSV misst een aus där « priorité immédiate » eng « priorité absolue » maachen.

An dann och aus den Emotiounen Aktiounen maachen !

Ech sinn een Unhänger vun der Chrëschtlecher Sozialléier, an e groussen Unhänger vum Kardinol Cardijn , an do gelt de Leetsproch:

« voir – juger – agir »

Mir hunn elo genuch, méi wéi genuch gesinn !

An zumindest do, wou mer eis eens sinn am « juger », musse mer elo och direkt den « agir », also d’Handelen emsëtzen.

– Fir d’éischt mussen mer den Doud am Mëttelmier ënnerbannen. Wëll d’Zukunft baut een net um Doud, mee um Liewen op !

Fir dat fäerdeg zebréngen, musse mer all Moyenen asëtzen, déi mer hunn, an dat och iwwer d’Küstegebidder eraus.

Här Ausseminister, mir mussen och duerfir suergen, datt dës Aktiounen, zum Beispill virun der Küst vu Libyen, vun engem UN-Mandat ofgedeckt sinn.

Déi grouss Fro do: Mécht Russland mat ? Mee och do musse mer all diplomatesch Kontakter notzen, déi mer hunn.

An dann gëtt et do nach eng Fro op déi ech keng zefriddestellend Äntwert hunn:

Dat ass d’Zerstéierung vun de Booter vun de Schlepper.

Richteg ass, datt een d’Schlepper muss bekämpfen, well dat sinn Krimineller, well deenen ass all Mëttel Recht, Gelder ze kasséieren, a fir dei gelt e Mënscheliewen net.

Mee ass d’Zerstéierung vun de Booter de richtege Wee ?

Ass dat dat richtegt Signal ?

A bréngt dat d’Leisung ?

Et kann e jo net all schrotträif Booter am Mëttelmierraum zerstéieren !

Och d’Ukraine dierfe mer net aus den Aen verléieren. Wëll de mediale Fokus ass meeschtens just op eng Katastroph gericht. Och do wäerten an de nächste Joeren nach vill Flüchtlingen op eis zou kommen. Wann och net iwwert d’Mëttelmier.

Wa séchergestallt ass, datt keen Mënsch méi am Mëttelmier erdrénkt, musse mir mëttelfristeg, am beschten direkt – awer mat mëttelfristegem Effekt – drugoen, fir eis Asyl-Politik an Europa ze iwwerdenken.

Och hei soll d’Kommissioun an de nächste Wochen a Méint Proposen op den EU-Dësch leeën. An och hei vertrauen ech op d’Kommissioun.

Awer elo schonn mussen e puer Prinzipien kloer sinn :

  1. Europa muss seng Asyl-Politik iwwerdenken.
  2. Europa brauch méi Solidaritéit vu Norden no Süden .
  3. Eng méi fair Verdeelung vun de Flüchtlingen an der Unioun.
  4. Intelligent Quoten, déi d’Flüchtlingen an Europa verdeelen.
  5. Mir mussen duerfir Dublin II iwwerkucken.

A firwat net, dorausser e Luxembourg I maan ? Dat géif eisem Land gutt zu Gesiicht stoen. An dat net nëmmen aus Image-Grënn .

A wann mir vun enger fairer Opdeelung vun de Flüchtlingen schwätzen, dann gelt dat och fir heiheem, hei zu Lëtzebuerg.

Et brauch en keng formell Quoten, mee et brauch en eng fair regional an dezentral Verdeelung vun de Flüchtlingen.

Mir sollen eis och hei ze Lëtzebuerg näischt virmaachen :

Mir wäerte mussen méi Flüchtlingen ophuelen!

Et muss een de Leit dat gutt erklären.

Et muss een duerfir suergen, datt keng Ghettoën entstinn.

Weder fir d’Leit heiheem nach fir d’Flüchtlingen.

Lëtzebuerg brauch gutt dezentral Strukturen.

Als CSV si mir der Meenung, et dierf en eis Gemengen do net am Ree stoen loossen.

Weder de Staat dierf dat. Nach d’Majoritéit vun de Gemengen eng Minoritéit vu Gemengen.

Grad wéi ech der Kommissioun vertrauen, zielen ech och hei op eis Gemengen an op de Gemengesyndikat Syvicol.

Ech sinn do also méi zouversiichtlech wéi d’Madame Ministesch. Mee richteg ass : vum selwen wäert et net goen !

Mee wann d’Konditiounen stëmmen, wann de Verdeelungsschlëssel, net rigid mee fair ass, da stëmmt och d’Akzeptanz bei enger ganz grousser Majoritéit vun de Leit.

Esouwuel op finanziellem wei op strukturellem Plang mussen Gemengen gehollef kréien.

Et muss en fir eng als richteg erkannte Politik och Iwwerzeegungsaarbecht leeschten.

A Mënschen virum Doud am Mëttelmier ze retten, ass richteg !

A Mënschen virum Doud a Syrien ze retten, ass och richteg !

A Mënschen virun der Verfollegung an Eritrea ze retten, ass och richteg !

Also ass och richteg, dës Leit bei eis opzehuelen.

Wann ech bei der Akzeptanz sinn :

Grad sou richteg ass et dann awer och, fir déi, déi de Flüchtlingsstatut net méi hunn oder déi dëse Statut net kruten, erëm heem ze schécken.

Zumindest ëmmer wann dat méiglech ass.

An do wou et net méiglech ass, och do brauchen mir an Europa nei a fair Léisungen.

Dat och an Zesummenaarbecht mat den Hierkonftslänner vun dëse Leit.

Natierlech dierfe mer keen an e Krichsgebitt zeréckschécken. Do si mer eis, sou hoffen ech mol, eens !

Europa brauch méi legal Awanderung.

An och eng méi grousszügeg legal Asyl-Gewährung.

A sief et nëmmen, wëll dat dat eenzegt ass, wat fonctionnéiert. Wëll ze mengen, Europa kéint einfach seng Schotten dicht maachen, ass eng Illusioun.

Gläichzäiteg ass et eng falsch Angscht, fir de Leit ze soen, eist Boot wier voll. Nee, voll sinn d’Booter um Mëttelmier. An duerfir ginn se och ënner. Obschonns d’Leit tëschent 5.000 a 15.000 Dollar fir eng Iwwerfahrt bezuelen ! Och dat ass een dramateschen Detail an dëser Tragedie.

Eens si mer eis heibannen och – zumindest gréisstendeels – wat de Long Terme ugeet. Wat also déi politesch Stabiliséierung vun eiser Mëttelmier-Noperschaft ugeet. Awer och, an hei ass a bleift Lëtzebuerg e Modell !, wat eis Kooperatiounspolitik mat Afrika a mat aneren Deeler an eiser Welt – wëll et gëtt nëmmen eng Welt, déi fir jiddwereen a priori selwecht ass – ugeet.

Här Ausseminister, Europa huet seng direkt geopolitesch Noperschaft an der Lescht e wéineg vernoléissegt. Och wëll d’europäesch Aussen- a Secherheetspolitik nach net do ass, wou se misst sinn. Och hei ginn et Iwwerleeungen vum Kommissiounspräsident Juncker a senge Leit, déi der Wert sinn, së ze verdéiwen. Dozou zielt och eng europäesch Arméi !

Mee virun allem brauchen mir eng aussepolitesch Strategie. An déi éischt Prioritéit vun eiser Aussepolitik muss eis direkt Noperschaft sinn : also d’Ukraine a Russland am Osten. An de Mëttelmierraum am Süden. An also och de Krich a Syrien, d’Dramatik am Hellege Land, de sougenannten Islamesche Staat am Irak, d’Fro vum Iran a net zoulescht och de Service Après-Vente vum Arabesche Fréijoer. Mir hu jo lo erëm Fréijoer. An dat wier eng gudd Geleeënheet, fir eis an éischter Linn hei mol mat Libyen ze befaasen.

Wëll och hei geet et net duer, fir Demokratie ze jäizen. Et muss een op der Plaz, um Terrain och duerfir suergen, datt Länner net zesummebriechen. An datt d’Demokratie wuesen kann. An iwwregens och de Rechtsstaat. Wëll Demokratie ass jo méi, wéi just d’Herrschaft vun der Majoritéit. Mee wiem soen ech dat heibannen, léiw Majoritéitsvertrieder !

Mir brauchen also diplomatesch Léisungen fir Syrien, fir Libyen, fir de ganzen Noen Osten a fir de Maghreb. Mir mussen hei als Europäer méi Verantwortung iwwerhuelen. An och do brauche mir éischter méi wéi manner Europa. Mee och hei musse mir nach sou muenche Nationalstaat an Europa iwwerzeegen. Och daat ass eng Aufgab vun eiser Presidence.

A wann ech laangfristeg schwätzen, dann mussen mir Prioritéiten fest leen:

D’Bekämpfung vum Honger a vun der Armut ugoen. Dat vill méi offensiv wéi bis elo.

Hei brauche mir wierklech eng Offensiv. Wëll och wann keen Schëff, Boot, oder wéi ëmmer een dat nënne wëll, am Mëttelmier mat 1.000 Flüchtlingen ënnergeet : all 5 Sekonnen stierft an eiser Welt e Mënsch un Honger. Ganz dacks Kanner a Puppelcher !

Duerfir, wann et eng Politik gëtt, op déi Lëtzebuerg wierklech houffreg si kann, ass a bleiwt et eis Kooperatiounspolitik. Déi 1% vun eisen RNB si gutt investéiert Suen. Wëll et si Suen, déi an d’Liewen investéiert sinn. A net an den Doud ! Duerfir ass et richteg, fir och a bësse méi schwéieren Zäiten fir eis, net ze vergiessen, wiem et wierklech schlecht an eiser Welt geet !

Vun Afrika, vu Libyen, vu Syrien aus gekuckt, do blénkt den europäesche Stär vun der Hoffnung nach ganz staark.

Vill méi staark wéi op den 12 Stären vun eisem europäesche Fändel heiheem.

Mir mussen d’Hoffnung rëm legaliséiren an politiséieren !

An éischter Linn mat méi europäescher a globaler Solidaritéit.

Awer dëss Solidaritéit muss wéi all effikass Politik och heiheem, also national a regional a kommunal ufänken !

Wëll Europa muss e Kontinent an eng Idii vun der Hoffnung bleiwen.

Fir d’Flüchtlingen am Mëttelmier.

Fir all Europäer !

An och fir Leit heiheem zu Lëtzebuerg !

An d’Hoffnung geet mat der Rettung vu Leit, déi a Nout oder a Séinout sinn, un !

Ech soen Iech Merci fir Är Opmierksamkeet.

Marc Spautz, 29. Abrëll 2015

Interventioun vum CSV-Parteipresident Marc Spautz am Kader vum Etat de la nation

A senger Intervention ass de Marc Spautz op Famillje-, Sozialpolitik  a Beschäftegung agaang, genausou wéi op wirtschaftlech Aspekter. “Et ginn keng einfach Léisungen, wann ee sozial Leeschtungen an déi wirtschaftlech Dynamik nohalteg gestalte wëll.” Der aktueller Regierung mécht hien de Reproche d’Decisiounen opzeschuppen.

Déi ganz Interventioun vum CSV-Parteipresident Marc Spautz


Source: www.chd.lu

Projet de loi portant approbation du traité sur la stabilité, la coordination et la gouvernance au sein de l’Union économique et monétaire, signé à Bruxelles, le 2 mars 2012

Ried vum Marc Spautz zum Fiskalpakt :

“Mat dem Gesetz iwwert de Fiskalpakt leen mir een weideren wichtegen Bausteen fir der Vertrauenskrise op de Finanzmärkt entgeintzetrieden a fir d’Lag vun der europäescher Wirtschaft an um Arbechtsmaart nohalteg ze verbesseren.”

déi integral Ried als PDF : //marc-spautz.lu/files/2013/02/Pacte-Fiscal-Marc-Spautz.pdf