Informatiouns- an Sensibiliséierungskampagnë vun der Regierung an de Kinossäll

Eng parlamentaresch Fro vum Députéierten Marc Spautz un den Här Minister vun der Kommunkatioun an de Medien

Här President,

esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro iwwer d’Kampagnë vun der Regierung an de Kinossäll, un den Här Minister vun der Kommunkatioun an de Medien, weiderzeginn.

Zënter enger Rei vu Joere présentéiert d’lëtzebuerger Regierung ëmmer nees Informatiouns- an Sensibiliséierungskampagnë vun deene verschiddene Ministären a Form vu kuerze Filmer an de Kinossäll hei am Land. Déi Filmer laafen do zesumme mat anere Reklammen éier den Haaptfilm ufänkt. Déi grouss Majoritéit vun de Regierungskampagnen, déi am Kino gewise ginn, sinn exklusiv a franzéischer Sprooch gedréint ginn. Dobäi bidd grad de Kino eng gutt Méiglechkeet fir déi lëtzebuergesch Sprooch un esou vill ewéi méiglech Leit ze bréngen.

Den Hannergedanken ass wuel, datt duercht d’Franzéischt och esou vill ewéi méiglech auslännesch Matbierger solle gewuer ginn, wat d’Regierung hinnen ze soen huet. Allerdëngs ass dës Wiel kontradiktoresch zu der Regierung hirem Wëllen, fir d’lëtzebuerger Sprooch als d’Integratiounssprooch Nummer Eent esou ewéi an alle Beräicher vum Liewen hei am Land, ze ënnerstëtzen. Zu dësem Schrëtt bekennt sech net nëmmen déi aktuell Regierung an hirem Koalitiounsprogramm, mä och eng sëlleche Gesetzestexter, déi an de lëschte Joere gestëmmt respektiv geännert gi sinn, ewéi zum Beispill d’Nationalitéitegesetz.

An deem Kader, wëllt ech dem Här Minister vun der Kommunkatioun an de Medien dës Froe stellen:

  • Här Minister, kéint Dir mir erklären, wéisou datt d’Regierung hir Informatiouns- an Sensibiliséierungskampagnen, déi se an de Kinossäll vum Land présentéiert, praktesch exklusiv op Franzéisch maache léist?
  • Sidd Dir, Här Minister, net der Meenung, datt dës Wiel kontradiktoresch zum Wëlle vun der Regierung ass fir d’lëtzebuergesch Sprooch am Allgemengen a besonnesch als déi Integratiounssprooch hei am Land ze ënnerstëtzen? 
  • Här Minister, wéisou geet d’Regierung net de Wee fir all Zort vun audiovisuell Medien ze benotzen, fir d’lëtzebuerger Sprooch un esou vill ewéi méiglech Awunner aus dem Land ze bréngen? Wéisou léist d’Regierung hir Kinosfilmer net wéinstens op Lëtzebuergesch mat zum Beisspill franzéischen Ënnertitele maachen?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

Marc Spautz
Députéierten

0 Äntwerten to “Informatiouns- an Sensibiliséierungskampagnë vun der Regierung an de Kinossäll”


Kommentaren si gespaart.