E Scoop politique!

Ausschnëtter aus der Ried vum CSV Fraktiounspresident Marc Spautz zur Interpellatioun am Kader vun dem Dossier Wickrange -Livange

 

Mir befaassen eis haut mat der Interpellatioun - oder soll ech soe mam erhoffte Scoop politique - vun den Häre Bausch a Meisch iwwert d’Bauteprojete vu Wickreng an Léiweng. … Ech muss soen, et ass net all Dag – Gottseidank- datt een erlieft, wéi d’Oppositioun, déi au Depart gréisser Bedenken hat, wat de Projet Wickreng ugeet an elo indirekt dëse Projet op Käschte vum Projet Léiweng nees rehabilitéiert, wéi dës Oppositioun probéiert politescht Kapital aus dëse Projeten ze schäffen.

Si ass sech dobäi och net ze schued fir d’Regierung an domatter, quasi als Kollateralschued, di ganz Politik ëffentlech an den Diskredit ze bréngen an dat ouni handfest Elementer, ouni Beweiser, déi och dësen Numm verdéngt hätten.

Leschten Donneschden si schwéier Virwërf géint Regierung gemaach ginn. Wierder wéi Chantage, Tentative de Chantage, Korruptioun, Tentative de corruption sinn gefall. Dat sinn kéng Kavaléiersdelikter. An dat ass wäit méi wéi schwéier Dysfunktionnementer, vun deenen den Här Meisch leschten Donneschden geschwat huet. Dat wat der Regierung virgeworf gëtt, si Strofdoten. Ech ginn dovunner aus, datt wann een esou eemoleg Virwërf mécht, dass een sech dann op konkret Fakten, déi noweisbar sinn, stëtzt.

Ech stellen awer fest, datt d’Virwërf op Aussoen baséieren, déi di concernéiert Parteien enger ganzer Rei vu Leit am Land erzielt hätten. Dës Virwërf géifen dann och vun Zeien bestätegt ginn, déi bereet wieren ënner Eed Auszesoen.

Een vun dësen Zeien huet scho via Presse bestätegt d’Virwërf iwwerhaapt net direkt matkritt ze hunn. Wësst dir, et ass wéi wann ech elo engem géif eppes ënnert véier Aen erzielen an ech géif behaapten eng drëtt Persoun, déi net präsent wor, kinnt dat bezeien. Wéi kredibel, mengt Dir, wier ech? An wéi kredibel, mengt Dir, wier mäin Zeien? Dat doten erënnert mech un mëttelalterlech Prozeduren.

D’Virwërf baséieren och op Dokumenter, déi – an ech zitéieren den Här Meisch- “Jiddereen”. “enzwousch” huet. Majo wien ass den “Jiddereen”? An wou sollen dann elo déi Dokumenter sinn, enzwousch ass e bëssen vague?

Ech kommen einfach net zou mer, wann ech den Aussoe vun den Häre Bausch a Meisch vum leschten Donneschden nolauschteren, mat wat fir enger Liichtfankegkeet, déi zwee Hären, Virwërf an d’Welt setze mam Argument iergendeen huet iergendeppes iergendwou héieren, gesinn oder mat kritt!

Do kann een zum Beispill héieren, an ech zitéieren den Här Meisch: “A wann et Dokumenter gëtt, wann et Piècë gëtt, déi jo iergendwou dann och existéieren; wa Leit sech un eppes kënne rappeléiere wat deen ee gesot huet a wat deen anere gesot huet, u grave Virwërf déi jo do gemaach gi sinn, ech mengen da muss een déi Leit eng Kéier ruffen an da muss ee se aussoe loossen […] 

Dës Ausso brauch net weider kommentéiert ze ginn. Si seet alles iwwert den irresponsabelen Amateurismus vun deenen zwee Politiker aus. Et kinnt een nach driwwer laachen, wann et sech net ëm schwéierwiegend Virwërf géif handelen, déi engem – egal op dat Regierungsmembere sinn oder soss Bierger- gemaach ginn.

D’Korruptioun ass en Crime. Vu datt, dës Strofdot fir di Häre Bausch a Meisch esou kloer etabléiert ass, firwat hunn se dann net der Justiz dës Strofdot matgedeelt? Firwat waarden se dann nach bis muer domatter? Firwat sinn se léiwer virun d’Presse gaangen am Plaz der vun hinne gefuerderter Wourecht en Déngscht ze leeschten an dat zemools wou d’DP virdru scho gefuerdert hat, datt d’Justiz sech mat dësem Dossier befaasst.

Wann d’DP an di Gréng Beweiser hunn, dann hunn se sech an enger selbstherrlecher Inszenéierung iwwert d’Rechtsgebung ewech gesat an sech weder un den Code pénal nach un den Code d’instruction criminelle gehalen, wëll se de Procureur net saiséiert hunn respektiv als éischt ofwaarden eng Show ofzezéihen dir d’éischt virun der Presse an duerno hei am Plenum.

Domatter hunn se op jidder Fall der Justiz et net erlaabt op Basis vum Dossier – wann den dann iwwerhaapt existéiert – iwwert d’Opportunitéit vu Poursuitten ze decidéieren. Dat wier en extrem grave Fehler fir en Vertrieder vun der Legislative. Donieft froen ech mech op dann net och un den Här Rollinger wier sech ze mellen?

Jo, den Artikel 64 vun der Constitutioun gesäit vir, datt d’Chamber eng Kontrollfunktioun, en droit d’enquête huet. Dat ass eng extrem wichteg Prerogativ. Ech sinn deen Leschten deen dës fir eis Demokratie elementar Prerogativ géif a Fro stellen. Am Géigendeel.

Ech sinn awer dogéint, datt dëse Pouvoir an domatter dëst héicht Haus mëssbraucht gëtt fir ënnert dem Deckmantel vun der Wourecht, der Transparenz, dem Rechtsstat, reng parteipolitesch Spillercher ze dreiwen.

D’Hären Bausch a Meisch schwätze kloer vu Strofdoten.

Ech froen dann: Firwat brauche mer eng Enquêtekommissioun? Dës Fro ass berechtegt, wann een se aus der Logik vun den Hären Meisch a Bausch, déi d’Asetze vun esou enger Kommissioun froen, kuckt. Woubäi een sech elo muss froen, wat se gäeren hätten, vu datt den Här Meisch elo ugekënnegt huet wëlle muer eng Plainte ze deposéieren.

Fir si si mir jo kloer an engem penalen Kontext an ech gesinn net wéi si wëllen de penale Kontext vum Rescht trennen. wann dat esou kloer ass, dann mécht et kee Sënn ze froen datt eng Enquêtekommissioun sollt geschafe ginn, wëll se misst jo direkt, ... opgeléist ginn.

Wann een dësem Dossier schnell well en Enn setze fir sech erëm nees ëm déi méi wichteg Problemer vun eisem Land ze këmmeren, wéi d’Häre Bausch an Meisch dat gären no bausse soen, dann ass dat doten sécher déi beschten Aart a Weis fir dat d’Ganzt, aus purem politeschem Kalkül, an d’Längt ze zéien.

Et kann net sinn, datt d’Legislativen iwwert den Wee vun enger „Enquête-commissioun“ sech der funktionnell kompetenter an responsabeler Justiz géif substituéieren!

Hei geet et eenzeg an eleng drëms d’Réckgrad vun onser Demokratie ze stäerken nämlech déi funktionell Trennung an de Kompetenze vun eisen Institutiounen - Legislativen,  Exekutive a Justiz-. Et geet mir ëm soss guer a glat näischt!

(Et gëllt dat geschwaate Wuert. Déi integral Ried ass op csv.lu)

0 Äntwerten to “E Scoop politique!”


Kommentaren si gespaart.