Dem Marc Spautz seng Interventioun an der Chamber iwwert Resultater vum EU Sommet Enn lescht Woch zu Bréissel wou ënnert anerem een Wuesstemspakt an nei Mesuren an der Lutte géint d’Scholdekris decidéiert goufe

PDF: Marc Spautz – Konklusiounen Sommet 28 a 29.06.12

 

Här Präsident,

Um léschten Sommet ass ënner anerem zeréck behaalen gin, dass d’Banken direkt iwwert den europäeschen Rettungsschirm kënnen rekapitaliséiert gin. An aner Wierder, dass ugeschloe Banken zu bestëmmten Konditiounen sech direkt Suen bäim ESM léinen kënnen goen ouni iwwert d‘Länner ze fuehren. Dës Annonce huet fir Entspannung op den Finanzmärt an fir positiv Entwécklungen op den europäeschen Boursen gesuergt. Die direkt Rekapitalisatioun vun de Banken ass schon länger am Gespräich, mä konnt bis die léscht Woch, op Grond notamment vun der däitscher Zeréckhaltung, net zustanne kommen Weider liesen

CSV-Fraktioun op Visite bei der SEO zu Véianen

CSV-Fraktioun war bei SEO de Chantier vum Ausbau vum Pompspäicherkraaftwierk zu Veianen kucken. Hei gëtt eng 11. Maschinn installéiert an Bauaarbechte solle bis 2013 fäerdeg sinn.