Dem Marc Spautz seng Interventioun an der Chamber iwwert Resultater vum EU Sommet Enn lescht Woch zu Bréissel wou ënnert anerem een Wuesstemspakt an nei Mesuren an der Lutte géint d’Scholdekris decidéiert goufe

PDF: Marc Spautz – Konklusiounen Sommet 28 a 29.06.12

 

Här Präsident,

Um léschten Sommet ass ënner anerem zeréck behaalen gin, dass d’Banken direkt iwwert den europäeschen Rettungsschirm kënnen rekapitaliséiert gin. An aner Wierder, dass ugeschloe Banken zu bestëmmten Konditiounen sech direkt Suen bäim ESM léinen kënnen goen ouni iwwert d‘Länner ze fuehren. Dës Annonce huet fir Entspannung op den Finanzmärt an fir positiv Entwécklungen op den europäeschen Boursen gesuergt. Die direkt Rekapitalisatioun vun de Banken ass schon länger am Gespräich, mä konnt bis die léscht Woch, op Grond notamment vun der däitscher Zeréckhaltung, net zustanne kommen

D’Experten hatten net domatter gerechent, dass op esou enger kruzialer Fro Bewegung opkomme géif.

D’Banken hun weltwäit ënnert der Finanzkris 2007-2008 gelidden, dorënner och systemrelevant Banken, déi gerett hu missen gin. Die europäesch Scholdenkris huet d’Situatioun fir verschidden Banken no enger kuurzer Verschnaufpaus nës verschärft. Et sin virun allem Banken aus dem südeuropäeschen Raum, déi ugeschloen sin. Wat net weider verwonnerlech ass, wann en wëss, datt dës Banken massiv Statspabéieren vun hirem eegenen Land, daat oft selwer an der Kris ass, haalen. Dëst Banken hun grouss Problemer fir sech néit Geld zu raisonabelen Taux’en op den Marchés‘en léinen ze goen an kënnen esou hiren Bankmissiounen net méi nokommen.

Staaten a Banken sin op eneen ugewiesen. Wann den een kränkelt, dann riskéiert den aneren och krank ze gin. Daat ass engem spéitestens zanter der Scholdenkris kloer. D’Decisioun ugeschloen Banken ënnert bestëmmten Conditiounen z’erlaaben sech direkt iwwert de Rettungschirm, also iwwert europäsch Institutiounen an net national Regierungen, ze refinanzéieren, ass als Mossnamm ze däiten fir vun dëser Ofhängekeet eweg zekommen, fir der Ustiechung tëschend Banken- an Scholdenkris en Enn ze setzen, wat un sech begréissenswert ass. D’Mossnamm erlaabt et jo d’Banken ze hëllefen ouni de Budget vun deenen eenzelnen Staaten weider ze belaschten.

Et ass evident, datt net all Bank, déi an Zukunft kapitaltechnesch Problemer huet sech einfach esou kann Suen bäi der zoustäneger europäescher Institutioun léinen goen. Et mécht awer Sënn, wann e Land, wéi haut am Fall vun Spunien, net méi à même ass séngem ugeschloenen systemrelevanten Bankensecteur ënnert d’Ärm ze gréifen, dass en dann eng schnell Äntwert fir déi betraffen Banken parat muss hun. Direkt Asetzen vun den Kapazitéiten vum Rettungschirm kann an dësem Fall duerchaus eng adequat Äntwert sin.

Mä fir dass daat Ganzt net zu engem Fass ouni Bueden geet, ass et wichteg, datt d’Konditiounen, zu denen eng direkt Rekapitalisatioun méigleg ass, kloer an präzis formuléiert gin. Net all Detail ass héi um léschten Sommet gekläert gin. Daat ass Bestanddeel vun der Feuille de route, déi vum europäeschen Rotspräsident Van Rompuy, dem Kommissiounspräsident Barrosso, dem Präsident vun der EZB Draghi an dem nach Eurogruppechef Juncker bis spéitestens Enn des Joers soll ausgeschafft gin.

An iwwerhaapt fir das dësen Mechansimus drobar ass a bléiwt, brauchen mir en effizienten eenheetlechen Bankeniwwerwachungssystem.

Här Präsident,

D’Ofhängegkeet vun de nationalen Wirtschaften an vun de Banken ass och de Grond firwat sech ëmmer méi Léit fir eng Bankenunioun ënnert Form vun enger Bankenopsicht mat der Bedeelegung vun der EZB, ausgeschwat hun. Et ass ganz kloer, dass eng gréisser Koordinatioun wat d’Iwwerwachung vum Bankensecteur ugeet noutwenndeg ass, wann e wëll an Zukunft néi Bankenkrisen verhënneren. Et kann en also rouheg de Prinzip vun enger Bankenunioun gudd héschen.

Mä wat bedéit dëst konkret?

Gëlt dës Bankenunioun fir die 27 EU-Länner oder just fir d’Eurozone? Ziel soll bléiwen wa méigleg die 27 Memberstaaten mat an daat selwescht Boot ze kréien.

Oder wéi wäert sech die nei Struktur par rapport zu den bestoenden europäeschen Iwwerwachungsinstanzen positionnéieren? An um nationalen Plang wat geschitt zum Beispill mat der CSSF? Daat sin all Froen, déi kloer beäntwert musse gin.

Doriwwer eraus ass et mat enger Bankenunioun net gedoen. D’Bankenunioun ass keen Allheilmëttel. Net all Kris wäert kënnen verhënnert gin. Desweiteren muss en oppassen, datt die geplangten Mossnammen sieft datt die gemeinschaftlech Ofsécherung vun den Dépôten oder den Obbau vun engem Sécherheetsnetz net zu enger Mutualisatioun vun all den Risiken an Europa féiert.

Här Präsident,

Datt nach ëmmer keen Konsens a Sachen Finanztransaktiounstéier do ass, soll net wonneren. Och wann een de Prinzip vun enger Finanztransaktiounsstéier aus engem moraleschen Bléckwénkel ënnerstetzen kann – et gëtt jo oft dobaussen gesot, datt en domatter de Spekulanten, déi fir d’Kris matverantwortlech gemach gin, op d’Fanger géif klappen – dann mécht esou eng Stéier just Sënn, wann se op internationalem Plang agefouert gëtt. Et muss en sech dann och weltwäit fir eng eenheetlech Definitioun vun esou enger Stéier verstänegen. An dovunner sin mir wäit entfernt.

Wann eng Transaktiounsstéier kënnt, an London an die kléng Offshoreinselen, fir nëmmen vun denen ze schätzen an fir d’Schweiz net bäim Numm ze nennen, se ofleeën, dann wäert éis Finanzplaaz die Léidtragend sin. Et kann een net ausschléissen, dass d’Banken- an d’Finanzgeschäfter sech an d’Ausland verlageren. An dann sollen déi, déi sech mordius ëmmer an iwwerall fir dës Transaktiounsstéier staark machen, mir Mol erkläere wouhir mir die Milliarden Euros huelen wäerten, déi de Banken- an Finanzensecteur all Joers éisem Budget erabréngen.

Léif Kolleginnen an Kollegen,

Die léscht Mesure, déi ech kuurz wéilt uschneiden, ass den Wuestumspakt vun 120 Milliarden euros, den den Fiskalpakt ergänzen soll an mat dem die europäesch Konjonktur ugekuerbel an Aarbechtsplätz geschaffen soll gin. Dës Mesure ass luewenswert, mä dës Mesure aléng geet net duer. Fir Wuestum langfristeg ze sécheren brauchen mir zolit öffentlech Finanzen, déi den Staaten erlaaben die néideg Rahmenbedéngungen ze schaffen déi fir de Wuestum wichteg sin. Duerfir sin déiwgréifen Strukturreformen och wichteg.

Den eenzengen Wee vir aus der Kris eraus ze kommen besteet aus engem gesondenen Mix tëschend spueren an konsolidéieren, an selektiv zukunftsorientéiert Investissiounen, déi d’Wirtschaft relancéiert.

Ofschléissend wollt ech dem Finanzminister an éisem Premier éist voll Vertrauen ausschwätzen wat d’Detailverhandlungen respektiv d’Ëmsetzung vun dem Ganzen ugeet.

Ech soen Iech merci.

Marc Spautz

 

 

 

 

0 Äntwerten to “Dem Marc Spautz seng Interventioun an der Chamber iwwert Resultater vum EU Sommet Enn lescht Woch zu Bréissel wou ënnert anerem een Wuesstemspakt an nei Mesuren an der Lutte géint d’Scholdekris decidéiert goufe”


Kommentaren si gespaart.