CSV-Aarbechtsbesuch zu Berlin

De Parteipresident Marc Spautz a Fraktiounspresident Claude Wiseler op Aarbechtsbesuch bei der CDU an CSU zu Berlin. Nieft Gespréicher mat Politiker vun CDU an CSU, ënner anerem Volker Kauder, Alexander Dobrindt, Peter Altmaier a Peter Tauber, hunn de Marc Spautz an de Claude Wiseler d’Bundeskanzlerin an d’CDU-Bundesvorsitzende Angela Merkel getraff. Bei dem Treffen war och d’CDU Vize-Bundesvorsitzende Julia Klöckner dobäi, déi och de Virsëtz vun der CDU Rheinland-Pfalz assuréiert.

MS_MW_JG_AM_01_Juni 2015