Eng Politik fir d’Famill – Eng Politik fir d’Kand

Ried vum Marc Spautz op der Generalversammlung vun der Action familiale et populaire (AFP), de 16. Juni 2014 iwwert seng familljepolitesch Virstellungen

Héi dei integral Interventioun als PDF: Eng Politik fir d’Famill, eng Politik fir d’Kand

oder als Text:

Dat Wuert “Familljegrënnung” klengt no Kanner kréien oder wéi Unternehmensgrënnung.

Heiansdo klengt dat esou, wéi e Business Plang opzestellen. E Plang, de Punkt fir Punkt opgeschafft gëtt.

Dat kann en versichen. Ech kenne Leit, déi sech esou e Plang gemaach haten: Bis 30 Joer e feste Partner bis 35 Joer, zwee Kanner an en Hond.

Den, den ech präzis uschwätzen, huet elo 42 Joer an en Hond, de Rescht ass bei sengem Plang net opgaangen.

Planbarkeet an Kalkuléierbarkeet, beim Wuert Familljegrënnung an de Kannerwonsch an der Liewesplanung anzebauen, dat gesinn vill Leit haut, wéi wann se en Haus géife bauen:

–                         Bauplaz kafen,

–                         Fundament,

–                         éischte Beton,

–                         Réibau

–                         Daach drop asw.

Dat bedeit an deenen hiren Iwwerleeungen: Kann ech mir e Kand leeschten, finanziell a berufflech?

Wéi muss mäi Liewen ausgesinn?

Wéini ass de richtegen Zäitpunkt?

Fir d’éischt well en sech am Job etabléiert hunn an d’Aarbechtsëmfeld muss stëmmen a selbstverständlech d’Pei. An dat alles bis spéitstens 40 Joer.

Et sief, ech si beim Staat, do kann de Plang éischter ufänken, an zwar nom Promotiounsexamen ass de richtege Moment do.

Veronsécherung an Iwwerfuerderung, bedeit dat fir vill vun eise jonke Leit, vill jonk Fraen a Männer, déi Chancen am Beruff wëllen an eng eege Famill.

Dofir ass et elo wichteg fir méi Fräiraum fir d’Famill ze schafen.

Mir mussen iwwert d’Bedürfnisser vun den Elteren an de Kanner an iwwert d’Zukunft vun der Famill an der Gesellschaft schwätzen.

D’Fraen an d’Männer ze Lëtzebuerg wëllen et sech leeschte kennen, der Famill de Stellewäert ze ginn, den se aus hirer Siicht verdéngt an zwar och dann, wann se schaffe ginn.

Et geet ëm d’Fräiheet soen ze kennen, d’Famill fir d’éischt. Fir d’Famill do ze sinn an dat ouni sech déi berufflech Zukunft ze verbauen.

Familljepolitesch Diskussioune beschränken sech fir mech ze vill op Froen, wéi ass et mam Kannergeld an Zouwennungen a wéi ass et vereinbar, schaffen ze goen an eng Famill ze hunn.

Dofir mussen och genuch Crèchen a Maison Relais Plaze geschafe ginn.

Fir dass all Kand wat muss oder soll ënnerdaach kommen, och eng Platz fënnt.

Awer genau esou wichteg ass et, datt d’Elteren de Choix hunn, de Choix op se hiert Kand wëllen an eng Betreiungsstruktur ginn oder datt e Partner doheem bleift, fir beim Kand ze sinn.

Fir awer alles dat ze erreechen, ass et wichteg, datt Verännerungen an der Aarbechtswelt kommen. Soss bleift dann d’Famill op der Streck oder de Beruff.

Dofir fannen ech et e bëssen einfach, datt vill Leit d’Astellung hunn, de Staat soll familljefrëndlech Rahmebedingunge schafen an domadder ass de Problem geléist.

Jo et ass wichteg, datt de Staat déi richteg Rahmebedingunge schafft. Jo et ass wichteg, datt eng finanziell Familljenförderung stattfënnt.

De Staat, d’Gemengen oder Privatleit bekëmmeren sech ëm d’Kannerbetreiung.

Wa mir vu Vereinbarkeet Famill a Beruff schwätzen, wier et net och un de Betriber fir eng betriblech Kannerbetreiung ze maachen?

Eng Betreiung, déi et den Elteren erlaabt, schaffen ze goen a gläichzäiteg bei de Kanner ze sinn?

Vill Leit soen: fir all Kand en Ënnerdaach besuergt a finanzéiert vum Staat. Domadder kënnen d’Elteren allen zwee schaffe goen.

Ass et dat, wat déi Leit ënnert der Vereinbarkeet vu Famill a Beruff verstinn?

Mech steiert dat gewalteg. Ech bedaueren, datt ech dat nom Oktober net méi konnt änneren, well ech net méi Familljeminister war.

Mech stéiert virun allem, datt an deene Gedanken d’Bedürfnisser vun den Elteren a vun de Kanner guer net méi virkommen.

Als Politiker, a virun allem als Familljepolitiker geet et net drëm, d’Famill aarbechtsplazgerecht ze maachen, awer et geet drëm, d’Aarbecht familljegerecht ze maachen.

Aarbecht familljegerecht ze maachen, heescht, dee Fräiraum ze schafen, den d’Familljeliewe brauch.

Dat ass eng modern Gesellschaftspolitik an eng modern Familljepolitik.

Fir déi Theorie, gëtt et zwee banal Grënn:

1)   Fir datt d’Eltere kënne fir Kanner do sinn, dat ass eng Fro vun Zäit.

2)   Zäit ze hunn fir Verantwortung ze hunn ass e Bedürfnis vun alle Leit, déi eng familiär Aufgab hunn.

Fréier, also ze menger Kannerzäit, war kloer, ween sech Zäit fir déi familiär Verantwortung hëlt, datt war d’Fra – well déi ass nom Bestietnes doheem bleiwen.

An dofir ass eis Aarbechtswelt jo och haut nach op Männer zougeschnidden. Eis Aarbechtswelt huet also mat der gesellschaftspolitescher Entwécklung net Schrëtt gehalen.

Dat musse Politik a Wirtschaft gemeinsam änneren.

Kultur a Strukturen an eiser Aarbechtswelt si prioritär op Mënschen agestallt, déi keng familiär Aufgaben hunn.

Dofir missten d’Sozialpartner zesumme mat der Politik eng Charta maache, wéi et der a verschiddene EU-Länner gëtt, iwwert familljebewosst Aarbechtszäiten.

Eng familljebewosst Aarbechtszäitorganisatioun ass e Gesellschaftsproblem an de Problem gëllt et an Ugrëff ze huelen.

Wat bedeit dat:

  • Datt d’Aarbechtszäite musse mam Rhythmus vum Familljeliewen harmonéieren.
  • Wéi kann en déi Aarbechtszäitkultur erreechen?
  • Duerch de Plan d’organisation du travail (POT), den eist Gesetz schonns virgesäit, wou sech awer nach um Tariffniveau ni konnt an déi Richtung gëeenegt ginn. Oder iwwert Aarbechtszäitkonten.

Wat muss en nach maachen:

  • familljefrëndlech Schichtmodeller;
  • Wat gëtt et, fir de Mammen oder Pappen no enger Familljepaus de Wiedereinstieg ze vereinfachen, an si ze ënnerstëtzen?
  • Wat fir eng Zäitmodeller gëtt et fir d’Vereinbarkeet vu Beruff a Famill?
  • Wéi kann en d’Liewensaarbechtszäit esou organiséieren, datt se an all Liewensphasen am Aklang mat de Bedürfnisser ze bréngen ass.

Dat ass vu Betrib ze Betrib a vu Sektor ze Sektor verschidden.

Et gëtt verschidde Betriber hei am Land, déi et verstanen hunn, datt et och Personal gëtt, dem et net nëmmen ëm vill Sue fir gutt Aarbecht geet, mä och em Fräiraum fir Privat a Familljeliewen.

Fir dat awer alles ze erreechen, dat klappt net mat engem Gesetz.

Do brauche mir e Familljebewosstsein an der Gesellschaft an an de Betriber.

Well nëmmen dëst Bewosstsinn entscheed op déi familljefrëndlech Aarbechtszäitgestaltung vun de Beschäftegten ugeholl gëtt.

De beschten Aarbechtszäitmodell bréngt näischt, wann duerno d’Carrière gebremst ass an en op engem Ofstellgleis steet.

Beim Congé Parental gesi mir jo, datt vill Leit net dorobber zeréckgräifen, well se Angscht hunn et géif der Carrière schueden.

Dofir musse mir iwwert familljefrëndlech Aarbechtszäitorganisatioun an och iwwert Opstiegschancen diskutéieren.

De Moment huelen nach ëmmer majoritär Mammen de Congé Parental an d’Pappen net, obwuel a bestëmmte Branchen ëmmer méi Pappen de Congé huelen. D’Propositioun vum obligatoresche Pappecongé hat ech am Comité permanent de l’emploi gemaacht.

Dofir geet et net duer familljefrëndlech Aarbechtsbedingungen ze maachen, mir mussen och d’Betribskultur an d’Gesellschaftskultur änneren.

Ufangs hunn ech gesot, mir mussen de Leit de Choix loossen. De Choix, wéi se hiert Familljeliewe plangen. Dofir ass jo och an den 80 Joeren d’Allocation d’éducation geschafe ginn. Vill Léit wollten déi bei der Aféierung vum Congé Parental ofschafen, an och haut sinn erëm Leit vun der Gambia-Koalitioun, déi dat wëlle maachen. Et gëllt, dës och elo nach ze verteidegen.

De Prinzip vun der Wahlfräiheet däerf net a Fro gestallt ginn. Eltere solle selwer entscheeden, wéi si Beruffs- a Familljenaarbecht ënnerteneen opdeele wëllen.

No menger perséinlecher Iwwerzeegung kann et net sinn, datt Politik, also de Staat der Famill virschreift a Wäertuerteeler doriwwer ofgëtt, wat fir eng modern, fortschrëttlech, antiquéiert oder vereelst Rollemodeller et an enger Partnerschaft oder Famill gëtt.

Et ass net déi familljepolitesch Aufgab vun enger Regierung, de Mënschen ze soen, wéi se ze liewen hunn.

Familljepolitik muss et de Leit erlaben, esou ze liewen, wéi si liewe wëllen.

Dofir sinn ech och géint déi Ukënnegunge vun der neier Regierung (et ass jo nach näischt Konkretes do) d’Familljenzoulagen ze änneren, d’Kannerbetreiung gratis ze maachen, ouni konkret ze soe wou a wéi.

Familljepolitik gëtt iwwert Familljemoossnahme gemaacht. 1,1 Milliarde maachen d’Allocations familiales aus. D’Familljepolitik gëtt awer och iwwert Wunnengsbauprimen an iwwert Steiere gemaacht.

An dat eent kann e net lass geléist vun dem anere kucken.

Leit, déi hiert zweejäeregt Kand an eng Crèche ginn, sinn net ouni Häerz a Leit, déi hiert Kand wëllen doheem halen, sinn och net ouni Niveau.

Wann déi nei Regierung dat géif akzeptéieren, hätte mir schonns eng gesond Grondlag fir eng uerdentlech familljepolitesch Debat.

Zum Schluss wollt ech awer och soen, wat ech gemaacht hätt betreffend der Finanzéierbarkeet.

Ech soen net wéi verschidde Regierungsmemberen, dat ass net mäi Problem.

Ech hätt fir d’éischt gesot:

En neien Regime de parallel mat enger Steierreform a mat der Wunnengsbaupolitik gekoppelt gewiescht wier.

Den ale Regime wier bestoe bliwwen, fir all déi Kanner a Familljen, déi dra sinn. An ab Datum X wier de neie Regime agefouert ginn.

De Montant vun engem Kand hätt ech erop gesat an dann d’Kannergeld harmoniséiert fir dat éischt an zweet Kand.

Beim drëtte Kand wier eng Steigerung komm.

D’Prime de Rentrée scolaire hätt ech a Schoulmaterial ëmgewandelt.

Am Primär wieren d’Schreifmaterial, d’Faarwen an d’Hefter ëffentlech iwwerholl ginn.

Am Sekondär wieren d’Schoulbicher bis ze engem bestëmmte Montant iwwerholl ginn.

Well d’Besteierung net geet, hätt ech proposéiert eng Cotisatioun anzeféiere vun 0,X Prozent op der Mass vum Revenu fir jiddwereen (d’Kanner bezuele jo Pensiounen), wéi bei der Fleegeversécherung.

Bei de Chèques service hätt ech de Projet 6410 iwwert d’Qualitéit an de Maison Relais an de Crèchen an d’Partizipatiounen ëmgesat (déi nei Regierung huet dëse Projet gestoppt).

Fir d’Aarbechtszäitorganisatioun hätt ech e Familljendësch zesumme geruff, mat de Sozialpartner an de familljepoliteschen Organisatiounen. Jonk an Aal, well di Aarbechtszäitmodeller och an der Altersversuergung eng grouss Roll spillen.

Dat ware meng familljepolitesch Virstellungen.

0 Äntwerten to “Eng Politik fir d’Famill – Eng Politik fir d’Kand”


Kommentaren si gespaart.