2011 – Nei Aufgaben, nei Erausfuerderungen

Eng fräi Tribün vum Marc Spautz op RTL Radio Lëtzebuerg

Léif Nolauschterer, 

Am Numm vun der CSV, an a mengem perséinlechen Numm all Guddes fir 2011. Dass all Är Wënsch a Virstellung Wierklechkeet ginn an dat bei beschter Gesondheet. 

Dat neit Joer bréngt nei Aufgaben a nei Erausfuerderunge mat sech. Wat fir jidderee vun eis gëllt, gëllt och besonnesch fir d’Politik.
Fir d’CSV ass de Kampf géint de Chômage eng Prioritéit. De Chômage klemmt weider an dat obwuel zanter enger Rei vu Méint erëm nei Aarbechtsplaze geschafe ginn. 

Eng wichteg Erausfuerderung ass d'Sanéierung vun den ëffentleche Finanzen. Bis 2014 mussen di ëffentlech Finanzen erëm am Gläichgewiicht sinn. D’CSV huet dat an hirem Wahlprogramm stoen an Regierung huet et bei hirem Untrëtt 2009 iwwerholl. 

2011 wäerte Regierung, Deputéiert a Parteien sech dësen Erausfuerderunge musse stellen. An di Äntwerten, déi si formuléieren, mussen esou sinn, datt si besonnesch eise Kanner a Kandskanner Perspektive bidden. Och si brauchen Aarbechtsplazen, déi nëmmen an engem kompetitive wirtschaftlechen Ëmfeld kenne geschafe ginn. Och si hunn d’Recht, sech op sozial Leeschtungen ze verloossen, déi fiabel a finanzéierbar sinn. Mir hunn dës Welt nëmme vun eise Kanner geléint. Dat ass esou um ökologesche Plang, awer och um sozialen an um Plang vun de finanzielle Gläichgewiichter. 

Duerfir muss di geplangte Reform vum Arbeitsamt, Hand an Hand goe mat de Reformen am Schoulberäich. Eppes kenne mir eis net méi erlaben: Jonker aus der Schoul ze entloossen, déi keng Formatioun hunn oder awer eng Formatioun, déi um Aarbechtsmarché net gebraucht gëtt. Mir kënnen eis dat net leeschten, well et hei ëm di individuell Schicksaler an Zukunftsperspektive vu jonke Mënsche geet an och wëll et e Käschtepunkt fir d’Allgemengheet ass. 

Et muss eng Prioritéit sinn, net nëmme fir d’Politik mä fir eis all, duerfir ze suergen, datt eise Schoulsystem et fäerdeg bréngt, jidderengem eng Ausbildung an eng Qualifikatioun ze ginn. Jidder Eenzele vun eis Jonke muss de Bagage matkréien, fir kennen eng Aarbechtsplaz ze fannen a säi Liewe selbststänneg an onofhängeg ze féieren. 

Dat huet vill mat der Cohésion sociale, dem sozialen Zesummenhalt an dem Mateneen ze dinn. Fir d’CSV ass kloer, datt mir et eis net erlabe kennen, nozekucken, wéi en Deel vun eiser Gesellschaft den Uschloss verléiert. Mir kënnen eis dat finanziell net erlaben a besonnesch kenne mir eis dat mënschlech net erlaben. 

Di Mesuren, déi bis elo getraff gi sinn fir de Schoulofbriecher an den Onqualifizéierten ze hëllefen, si gutt, awer eppes ass kloer: Op der Schnëttstell vun Aarbechtspolitik a Schoulpolitik sinn eng ganz Rei vu Strukturreformen néideg. 

Stéchwuert ëffentlech Finanzen: Et ass elo un der Zäit, Decisiounen ze huelen. Et féiert kee Wee laanscht Decisiounen, wa mir net wëlle riskéieren, enges Daags mat engem Defizit konfrontéiert ze ginn, den eis zu massiven Aschnëtter zwéngt. Mir mussen haut handelen, fir muer eng Situatioun wei an Irland auszeschléissen. 

Eise Bléck fir d’Allgemengwuel a fir Interête vun de kommende Generatioune schäerfen. D’CSV wäert hei net den einfache Wee goen, de vun der mei Schold. CSV ass fir e strikte Finanzkurs. Alleguer zesumme musse mir di richteg Akzenter setze fir eis net eis eegen an Zukunft vun eise Kanner a Kandskanner verbauen. 

Datt Majoritéitsparteien an der Chamber, Zukunfts- a Strukturreformen unzegoe wëssen, hunn se virun e puer Woche bewise mat de Reforme beim Gesondheetswiesen a mat der Reform vun der Onfallversécherung. 

Regierung a Majoritéit hunn e gemeinsame Fahrplang. Mat den zwou Parteien, di se droen an di allen zwou hir Perséinlechkeeten an hir besonnesch Sensibilitéiten hunn, steet dës Regierung fir eng zukunftsorientéiert a sozial equilibréiert Politik an dat och 2011. 

Ech soen Iech Merci fir d’Nolauschteren.

Marc Spautz, CSV Generalsekretär

0 Äntwerten to “2011 – Nei Aufgaben, nei Erausfuerderungen”


Kommentaren si gespaart.