Emissioun Background am Gespréich

Widderhuelung vun der Emissioun Background am Gespréich:

http://news.rtl.lu/hannergrond/background/441365.html

Et riskéiert Joerzéngten ze daueren, bis d’Vertraue vun de Leit nees do ass, esou huet den neie Familieminister Marc Spautz d’Entwécklungen am Dossier Geheimdéngscht a Bommeleeër kommentéiert.

Kloer schéngt ze sinn, datt bannent dem SREL verschidden Agenten en eegenen Agenda haten – dat misst duerch eng Reform vum Geheimdéngscht ee fir alle Mol geschéien, sou datt duerch en neien, aneren Kader och d’Supervisioun vun deem Service assuréiert ass. D’Diskussioun ëm de sozialen Index, respektiv och d’Staffelen vum Kannergeld misst dem Famillje-Minister Spautz no nach am beschten virun de Wahlen an enger Tripartite geschéien, fir och do déi selwecht Sprooch ze schwätzen.

D’RMG-Gesetz gëtt iwwerdeems dem Minister Spautz no nach am Laf vun dëser Legislaturperiode reforméiert, sou datt och d’administrativ Demarchen fir dës Leit sollen méi einfach ginn.

0 Äntwerten to “Emissioun Background am Gespréich”


Kommentaren si gespaart.