Super reduzéierten TVA Sätz vun 3% um Neibau vun Locatiouswunnengen

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden mir lech dës parlamentaresch Fro un d’Madame Staatssekretärin fir d‘Economie weiderzeginn.

Am Kader vun der Ouverture vun der Fréijoersfoire huet d’Madame Staatssekretärin folgend Aussoo gemaach zum TVA Saatz um Neibau vun Locatiouswunnengen:

D’EU-Kommissioun huet d’Membersstaaten nun emol opgefuerdert, déi super reduzéiert TVA Sätz EU-wäit nemmen nach fir „des biens de première nécessité“ bestoen ze loossen.

Dofir wéilte mir gären dës Froën un d’Madame Staatssekretärin stellen:

  • Waat genee huet d’EU-Kommissioun vu Lëtzebuerg  gefuerdert ?
  • Handelt et sech heibäi ëm nei Fuerderungen ?
  • Huet d’Regierung en Dokument op daat si sech berifft ?

Mat déifstem Respekt,

Marc Spautz

Félix Eischen

Deputéiert

0 Äntwerten to “Super reduzéierten TVA Sätz vun 3% um Neibau vun Locatiouswunnengen”


Kommentaren si gespaart.